Wiem geet d'Frisur besser?Albino-Stéier am Bangladesch no "Donald Trump" benannt

AFP
Op d'mannst bei der Frisur ass eng gewëssen Änlechkeet z'erkennen. Mat senge blonden Hoer geet den Albino-Büffel "Donald Trump" aus Bangladesch den Ament viral.
Zumindest bei der Frisur ist eine gewisse Ähnlichkeit nicht zu leugnen: Mit seiner blonden Mähne sorgt Albino-Büffel "Donald Trump" derzeit für Aufsehen in Bangladesch.
Den Albino-Büffel "Donald Trump" mat sengem Besëtzer.
© AFP

Mat senge blonden Hoer ass de 700 Kilo schwéiere Stéier awer net just zum Internet-Star ginn, hie lackelt domat och zanter Woche virwëlzeg Visiteuren un. Säi Brudder hätt de Stéier natierlech wéinst der Frisur nom US-President benannt, esou de Besëtzer vum Déier, de Zia Uddin Mridha, der Noriichtenagence AFP géigeniwwer.

Albino-Stéier am Bangladesch no Donald Trump benannt
Well hien eng gewëssen optesch Änlechkeet mam US-President hätt, ass de Stéier nom Donald Trump benannt ginn.

Sëllege Leit kommen op säi Bauerenhaff an der Géigend vun der Haaptstad Dhaka, fir de Büffel vun Noem ze gesinn. "Deen eenzege Luxus, deen e genéisst, ass et, véier Mol den Dag zu bueden", witzelt de Mridha. Albino-Büffel mat hirem helle Pelz sinn immens rar.

Bangladesch, dat majoritär moslemesch ass, preparéiert sech aktuell op dat islamescht Afferfest Eid al-Adha. Iwwer 12 Milliounen Déiere solle wärend dem Fest geschluecht ginn - ënner hinnen och de Stéier vum Mridha. "Ech wäert den 'Donald Trump' vermëssen", esou säi Besëtzer. "Mä dat ass de Grondgedanke vum Eid al-Adha: en Affer ze bréngen."

Back to Top
CIM LOGO