
Néng Staaten hu bei engem Treffe vun den EU-Agragministeren en Dënschdeg zu Bréissel gefuerdert, "de Bestand op engem ekologeschen a wirtschaftlech akzeptéiertem Niveau ze halen". Si wëllen dofir de Schutzstatus vun de Kormoranen erofsetzen.
Déi néng Länner fuerderen, datt Kormorane baussent der Bréizäit gejot dierfe ginn, wéi et aus enger Propos aus Tschechien ervirgeet. Nieft Finnland, Schweden, Estland, Lettland a Polen hunn dës och Kroatien, Rumänien an d'Slowakei ënnerschriwwen. D'Kormorane "suergen an der Ostsee fir grouss Problemer", esou déi finnesch Agrarministesch Sari Essayah zu Bréissel.
Sëllege Fëschbestänn an der Ostsee sinn zanter Jore menacéiert, Fëscher maachen dofir ënnert anerem de Kormoran responsabel. Gläichzäiteg sinn d'Fëschquoten, déi pro Joer vun der EU festgeluecht goufen, an der Reegel méi héich wéi vu Wëssenschaftler recommandéiert. Doriwwer eraus ass de Liewensraum vun de Fësch och vum Klimawandel menacéiert.
Déi néng Länner hunn en Dënschdeg op "geschwat zwou Millioune" Kormoranen an Europa verwisen, déi pro Joer jee 180 Kilogramm friesse géingen. D'Villercher sinn ongeféier esou grouss wéi Gänsen a liewen dat ganzt Joer an der Nord- an Ostsee souwéi bei Flëss. Verschiddener vun hinnen iwwerwanteren um Mëttelmier. Zanter 1979 ziele si an Europa zu de geschützten Aarten.
Fir d'Juegd op Kormoranen z'erlaben, misst de Schutzstatus vun de Villercher erofgesat ginn, dozou brauch et eng Majoritéit ënnert de 27 EU-Länner souwéi am Europaparlament. Mat där selwechter Prozedur huet d'EU zejoert de Schutzstatus vun de Wëllef erofgesat.