Am Replay op RTL PLAYAnne's Retro Kitchen - Episod 6: Roby Gérard: Petzi-Kuch

RTL Lëtzebuerg
Aus dem RTL-Archiv zeréck an d'Kichen - legendär Rezepter aus den 90er Joren. Déi Kéier mécht d’Anne Faber dem Roby Gérard säi verréckte Petzi-Kuch vun 1995 no.
© © Anne Faber
Robi Gérard – Petzi Kuch
D'Anne sculptéiert dem Robi Gérard säin verreckten Kuch aus dem Joer 1995

Fir de Biscuit:

1kg Eeër

500g Zocker

500g Miel

200g Botter, geschmolt

Fir d’Bottercrème:

300g Schockela

800g Zocker

300ml Waasser

600g Eegiel

200g Zocker

1kg Botter, Zëmmertemperatur

Marzipan, fir d’Deko

© RTL

Fir de Biscuit:

D’Eeër mam Zocker opklappen. D’Miel ënnermëschen an dann de Botter drënnermixen. Domat 4 Kuche vu 16 Zentimeter maachen, a se bei 200°C eng 17 Minutten baken.

Fir d’Bottercreme:

De Schockela am Bain marie schmëlzen an op d’Säit stellen, fir dass en ofkillt.

800g Zocker mam Waasser schmëlzen an op 115°C opkachen. D’Eegiel an 200g Zocker opklappen an den waarmen Zockersyrop dobäi schëdden, dobäi weider schloen, fir dass dat Ganzt ofkillt.

De Botter opschloen, bis e ganz liicht a locker ass. Mat der Zockermass vermëschen. ¼ vun der Bottercrème mam geschmoltem Schockela vermëschen. Dat Ganzt bei de Rescht Bottercrème ginn a gutt vermëschen.

Fir den Assemblage:

Ee Biscuitkuch an der Hallschent duerchschneiden, fir zwou dënn Scheiwen ze kréien. Dräi Kuchen openeestellen, an mat enger dënner Scheif ofschléissen. Mat engem elektresche Kichemesser de Kapp an d’Schnuff an déi iewescht zwee Kuche schneiden. Dann de Kapp erofhuelen an d’Been an di ënnescht zwou Scheiwen aschneiden.

D’Kuchen all dertëscht mat Bottercrème besträichen a schlussendlech de ganze Kuch mat Bottercrème dekoréieren. Aus der iwwreger dënner Kuchescheif zwee Ouere mat engem Glas ausstiechen an op de Petzi pechen, dann och mat Bottercrème besträichen.

Aus Marzipan 5 Scheiwen ausstiechen an doraus d’Schnuff an d’Patte formen. Zwou méi kleng Scheiwen ausstiechen a bemolen, fir doraus d’Aen ze maachen.

De Kuch direkt zerwéieren oder op enger killer Platz (net am Frigo) fir bis zu zwee Deeg halen.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO