Ministesch iwwer "Dry January""Et soll een iwwer den Alkoholkonsum nodenken"

Carine Lemmer
Well si eng Virbildfunktioun huet, drénkt d'Gesondheetsministesch Martine Deprez zanter hirem Amtsuntrëtt guer keen Alkohol méi.
Wënzer produzéieren antëscht och alokoholreduzéierten oder alkoholfräie Wäin, seet d’Lëtzebuerger Gesondheetsministesch.
© Vinotecarium/ Pixabay

Si selwer drénkt, zanter si Gesondheetsministesch ass, guer keen Alkohol méi. An an hirem Ministère gëtt keen Alkohol méi zerwéiert. D’Martine Deprez wëll awer kee Spillverdierwer sinn an näischt verbidden, mee si wär zoustänneg fir d’Gesondheetspreventioun an d’Santé publique an do géif den Alkohol nu mol eng grouss Roll spillen. Dat seet d’CSV -Gesondheets - a Sozialministesch am RTL-Interview. Lëtzebuerg mécht eng éischte Kéier beim “Dry January” mat. Et ass d’Propos, fir ee Mount laang näischt ze drénken, an dat suergt fir vill Reaktiounen a fir vill Kritik.

Minischtesch iwwer den Dry January / Rep. Carine Lemmer

“Ech war schonn e bëssen erstaunt”

Ech war schonn e bëssen erstaunt”, seet d’Martine Deprez. Si hat net mat esou vill Reaktiounen op den “Dry January” gerechent.

Ech fannen et awer flott, datt de Sujet an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm ass. Well mir mussen eis bewosst ginn, datt mir e groussen Acteur vun eiser Gesondheet sinn an do sinn Alkoholkonsum, Tubakskonsum, net genuch beweegen, dat falscht Iessen awer e wichtegt Element.”

Opfuerderung fir iwwer den Alkoholkonsum nozedenken

Firwat soll een dann eigentlech ee Mount laang op Alkohol verzichten?

“De Message ass am Fong eng Opfuerderung, driwwer nozedenken, wéi vill datt een drénkt an ob et en Effet op de Kierper huet, wann ee sech dees elo bewosst gëtt an näischt méi drénkt. Studie weisen, dass souguer nëmmen ee Mount näischt drénken, ee besser schlofe léisst, een en aneren Teint kritt, ee sech méi gesond fillt an esou weider. An déi Erfarung, fannen ech, sollte Leit, déi vläicht reegelméisseg drénken, och eng Kéier probéieren, fir ze kucken, wéi en Effet den Alkohol wierklech op hire Kierper huet.”

Alkohol gouf oder gëtt net verbueden. Muncher ee fillt sech awer op d’Féiss getrëppelt an d’Ministesch gëllt als Spillverdierwer.

Dann ass dat eeben esou, mee et war net de But, Spillverdierwer ze sinn. Et war de But, fir wierklech e Bewosstsinn ze schafen, wéi vill datt een all Dag vun där Substanz zou sech hëlt.”

D’Martine Deprez drénkt keen Alkohol méi, zanter si de Poste vun der Gesondheetsministesch ugeholl huet.
© RTL (Archiv)

Fir d’nächst Joer Koordinatioun mat der Horesca

D’Wënzer oder och d’Horesca hunn d’Initiativ vum Gesondheetsministère kritiséiert. Mir schwätzen eis fir d’nächst Joer besser of, sou d’Ministesch, déi e Gespréich mat der Horesca hat.

Mir hunn ofgemaach, dat mer eis am Oktober gesinn, fir ze kucken, wéi mer dat dann d’nächst Joer en place setzen. Well och do kann e Fonds de commerce dra sinn, wann ee seet: ech wëll meng Kaart erweideren, ech wëll deene Leit, déi wierklech de Choix gemaach hunn, hir Alkohol-Consommatioun ze reduzéieren oder déi, wéi ech, keen Alkohol drénken, net nëmme Waasser z’offréieren, net nëmme Gedrénks mat ze vill Zocker offréieren, mee ech ginn Alternative sichen, déi dann déi Leit kënne motivéieren, fir bei mech ze kommen.”

“Ech drénken näischt méi zanter ech Ministesch sinn”

Si selwer drénkt haut guer keen Alkohol méi.

Nee, ech hunn ni vill gedronk, ech war ni e Fan vun Alkohol. Ech hu mol heiansdo eng Coupe Cremant gedronk, mee zanter datt ech lo mäin Amt iwwerholl hunn a weess, datt ech eigentlech och eng gewësse Funktioun hunn, déi am Mëttelpunkt steet a wou een exposéiert ass, ass et fir mech normal, datt ech de Moment keen Alkohol drénken.”

Keen Alkohol méi am Ministère

Am Gesondheetsministère gëtt zanter si Ministesch ass keen Alkohol méi zerwéiert, mä Béier ouni Alkohol an alkoholfräie Cremant. Och d’Wënzer géifen alkoholreduzéierten oder alkoholfräie Wäi produzéieren, d’Brauereie Béier ouni Alkohol, et wär eng Demande do, sou d’Ministesch Martine Deprez.

App vum “Dry January” gouf 1.500 Mol erof gelueden

Et gëtt och eng App vum “Dry January”, déi ee sech kann erof lueden an den Net-Alkoholkonsum a wéi ee sech fillt kann dokumentéieren. 1.500 Mol gouf d’App erofgelueden an 1.100 Mol sech ugemellt.

Back to Top
CIM LOGO