
Et wieren iranesch Rakéitestellungen a Schëffer attackéiert ginn, déi Minne leeë wollten, esou e Méindeg den US-Zentralkommando, dee fir d'Golfregioun zoustänneg ass (Centcom). Am Katar ass iwwerdeems eng héichrangeg iranesch Delegatioun fir nei Verhandlungen ëm ee Krichsenn agetraff.
Bei den Ugrëff am Süde vum Iran hätt et sech em "Selbstverdeedegungsmesuren" gehandelt, esou de Spriecher vu Centcom, Tim Hawkins. Mat hinnen hätten US-Zaldoten "viru Menacen duerch déi iranesch Truppe geschützt" solle ginn. Zu den Ziler vun den Ugrëff hunn deemno "Rakéitenofschossrampen an iranesch Schëffer, déi probéieren, Minnen ze leeën", gehéiert.
Genee Informatiounen zu de Plazen an dem Ëmfang vun den Ugrëff huet den Zentralkommando net gemaach. En huet awer ausdrécklech erkläert, datt d'US-Arméi sech am Kader vun der Wafferou, déi zanter Abrëll gëllt, géif "zeréckhalen".
Onkloer ass aktuell awer, wéi eng Auswierkungen d'Ugrëff op d'Beméiungen ëm een Enn vum Iran-Krich wäerten hunn. No fir d'éischt optimisteschen Aussoen hat den US-President Trump d'Hoffnung op eng séier Eenegung nees relativéiert.
Den Trump hat e Samschdeg nach erkläert, een Accord mam Iran wier "gréisstendeels ausgehandelt", misst awer nach definitiv fäerdeggestallt ginn. E Sonndeg sot den US-President dunn, en hätt seng Vertrieder ugewisen, keng "ze séier" Vereenbarung ze schléissen. E Méindeg huet et du vum US-President geheescht, et géif een entweder een "groussaartegen a bedeitungsvollen" Accord mam Iran ofschléissen, "oder guer keen Accord".
Och aus Teheran huet et e Méindeg geheescht, een Accord wier nach net imminent. Eng héichrangeg Delegatioun vum Land ass an der katarescher Haaptstad Doha ukomm. Der Noriichtenagence AFP gouf nogedroen, datt d'Delegatioun iwwert een Ofkommes mat den USA an d'Deblockéiere vun agefruerene Sue verhandele géif.
Sträitpunkt an de Verhandlungen tëscht Washington an Teheran ass weiderhin d'Zukunft vum iraneschen Atomprogramm, ma och d'Strooss vun Hormus bleift ee wichtegen Diskussiounspunkt. Dem US-Noriichtesite Axios no sollen et aktuell Gespréicher ginn, d'Wafferou tëscht dem Iran an den USA ëm 60 Deeg ze verlängeren. An där Zäit soll d'Strooss vun Hormus nees fir Schëffer opgoen, an den Iran soll säi Pëtrol nees verkafe kënnen.