
Géint 18:25 Auer ass e Motorradsfuerer um CR121 tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff gefall. Nieft de Pompjeeë vu Beefort an Iechternach waren hei och d'Ambulanciere vun Iechternach an aus der Fiels grad ewéi den Noutdokter vum Samu op der Plaz.
Donieft huet et um Feierdag op enger Partie Plazen uechter d'Land gebrannt. Zu Bauschelt hat en Offall-Container Feier gefaangen, op der A7 stoung en Auto a Flamen, tëscht dem Wandhaff a Garnech war et en Trakter an zu Äischer haten Offäll gebrannt. Hei blouf et iwwerall beim Materialschued.