No Ausbroch op CroisièresschëffWat mir bis elo wëssen iwwert den Hanta-Virus

Annick Goerens
Et si Biller vun Teneriffa, déi un d'Pandemie erënneren. Virologen a Botzequippe mat kompletter Schutzkleedung, fir sech géint e Virus z'isoléieren, deen um Croisièresschëff MS Hondius ausgebrach ass.
Ronn 30 Persounen, déi u Bord vun der Hondius waren, sinn op Eindhoven geflu ginn
Ronn 30 Persounen, déi u Bord vun der Hondius waren, sinn op Eindhoven geflu ginn
© ROB ENGELAAR/ANP via AFP

Wat ass bis ewell gewosst?

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no waren ëm déi 150 Leit u Bord vum Croisièresschëff MV Hondius, dorënner 89 Crew-Memberen an 61 Passagéier. Bis elo goufen néng méiglech Hanta-Fäll gemellt, siwen dovunner sinn duerch Laboe confirméiert. Déi aner zwee Fäll si Persounen, déi um Schëff waren a mëttlerweil Symptomer hunn. Dat sinn e Spuenier an eng Fra aus Frankräich. Dräi Persoune sinn un den Auswierkunge vum Virus gestuerwen, dorënner zwee Hollänner an een Däitschen.

Wéi huet et ugefaangen?

Als "Patient Null" gëllt de Mënsch, deen déi éischt bekannt Infektioun an engem Cluster hat an domat eventuell aner Leit ugestach huet. Uechter déi amerikanesch a franséisch Medien zirkuléiert den Numm vum Hollänner. De 70 Joer ale Leo Schilperoord war e passionéierten Ornitholog an éischt Affer vum Hanta-Virus. Mee offiziell muss d'WHO nach confirméieren, dass hie wierklech de Patient Null ass. De Mann war zesummen mat senger 69 Joer aler Fra Mirjam Schilperoord wärend 5 Méint a Südamerika ënnerwee. Och si war eng begeeschtert Ornithologin an ass, wéi hire Mann, och um Hanta-Virus gestuerwen.

Ornithologe sinn Vulle-Fuerscher, de Virus kënnt jo awer vu Raten?

D'Haapt-Hypothees ass, datt d'Koppel sech Enn Mäerz an Argentinien infizéiert huet. Béid ware jo begeeschtert vu Villercher, fir déi et natierlech eppes Extraes ass, d'Méiglechkeet ze hunn, rar Vullen ze gesinn an ze fotograféieren. Véier Kilometer ausserhalb vun der argentinescher Stad Ushuaia, an den Tierre del Fuego, dem südlechsten Deel vun Latäinamerika, läit eng Deponie, déi vun de lokalen Awunner evitéiert gëtt wéi d'Pescht, sou heescht et, mee déi bei Ornithologen aus der ganzer Welt carrement als eng Pilgerplaz bekannt ass, well een do eng ganz rare Spezies ze gesi kritt, de sougenannte "Wäisskeelege Caracara", den och ënnert dem Numm "Darwin-Caracara" bekannt ass. Ma d'Awunner evitéieren déi Plaz, well et knaschteg ass a vill Raten do ënnerwee sinn.

Wéi hu sech d'Hollänner op der Deponie mam Virus infizéiert?

Déi argentinesch Autoritéite ginn dovun aus, dass si do sur place Partikele vun Raten-Exkrementer ageotemt hunn. Zum Beispill wa kontaminéierte Stëbs opgewirbelt gëtt an d'Erreeger dann ageotemt ginn. Onglécklech ass, dass et just eng Variant vum Hanta-Virus gëtt, déi sech vu Mënsch zu Mënsch iwwerdréit an dat ass déi südamerikanesch, genannt Andes-Variant. A genee déi hunn d'Hollänner aller Warscheinlechkeet no an Argentinien also erwëscht. Véier Deeg, nodeems si op der Deponie waren, den 1. Abrëll, si si op d'Schëff gaangen. An de 6. Abrëll huet den Leo Schilperoord Symptomer gehat: Féiwer, Kapp- a Bauchwéi an Duerchfall. Fënnef Deeg duerno ass hien gestuerwen.

Si weider Infektioune méiglech?

Theoretesch jo, well d'Fra vum Mann souz nach op engem kommerzielle Vol. Den 11. Abrëll ass hire Mann u Bord gestuerwen. De 24. Abrëll ass seng Fra op der atlantescher Insel Santa Helena vum Schëff erofgaangen. Si ass duerno mat engem kommerzielle Vol op Johannesburg a Südafrika geflunn. An op deem Vol goufen et keng Sécherheetsmesuren. Spréch, do kënne sech och nach Leit infizéiert hunn. An d'Inkubatiounszäit mam Virus ka bei bis zu aacht Woche leien.

Sti mer virun enger neier Pandemie?

Wéi geféierlech ass dat elo fir eis a musse mer mat enger neier Pandemie rechnen? Dozou den däitsche Virolog Martin Stürmer:

"Wir reden hier über ein extrem seltenes Ereignis mit der Andes-Variante. Das kommt in der Regel in dieser Form nicht vor. Also, wir müssen uns jetzt in der Allgemein-Bevölkerung überhaupt keine Sorgen machen. Also weder auf Teneriffa, noch hier in Frankfurt oder sonst wohin, wo die Patienten verlegt werden. Dass da irgendeine Gefahr besteht, dass sich diese Infektionen weiter ausbreiten. Das ist eine sehr sehr gut kontrollierbare Infektion."

Och d’WHO seet, et géing den Ament kee Grond ginn, sech Suergen iwwer eng nei Epidemie ze maachen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO