
De medezineschen Droit à l’oubli gëtt elo hei am Land gesetzlech verankert, dat huet de Regierungsrot e Mëttwoch festgehalen. D’Ministeren hunn engem entspriechende Projet fir e Réglement grand-ducal gréng Luucht ginn.
Den Droit à l’oubli erlaabt et, dass betraffe Persounen hir fréier Erkrankungen no enger gewësser Zäit net méi mussen uginn, wa se eng Assurance wëllen ofschléissen. Dee Prinzip gouf scho viru 6 Joer duerch eng Konventioun tëscht den Assurancen an dem Gesondheetsministère agefouert, awer nëmmen op fräiwëlleger Basis. Elo da gëtt et an d’Gesetz geschriwwen.
Bei Kriibs-Erkrankungen ass et esou, dass en Delai vu 5 Joer festgehale gëtt, ugefaange vum Enn vum therapeutesche Protokoll, wou d’Pathologie dann net méi muss deklaréiert ginn. Den Delai kann awer bei aneren Erkrankungen och méi kuerz sinn. En Experte-Grupp soll fir de Réglement grand-ducal Avise schreiwen, op Basis vun deenen dann Delaie fixéiert ginn.