
Wéi dacks kënnt et vir, dass en Dokter seet: ‘dat ass seelen’, a jiddereen versteet dat wat e wëll. D’Kommunikatioun iwwer d’Heefegkeet vu Komplikatiounen oder Niewewierkungen ass net evident, an dofir versicht den Dr Marc Keipes eis haut emol déi Sprooch z’explizéieren, dass an Zukunft näischt méi falsch verstanen gëtt.
No Enquêten mat Patienten déi mat esou Sätz konfrontéiert goufen, verstinn déi eng 1% vun de Leit kréien dat, anerer éischter 30%. Och déi vun der Medezin oft gebrauchten Formule vum ‘relative Risiko’ ass fir verschidden Patienten a fir munch Professionell vun der Gesondheet schwéier ze paken. E Beispill: Déi éischt Mammographiestudien hu gewisen, dass déi Dammen déi an d’Mammographie goungen versus déi, déi geschwänzt hunn 30% manner Risiko hunn u Broschtkriibs ze stierwen. Heescht dat, mir retten all 3t Fra? Leider net. De Risiko ze stierwen ass vu 5 pro 1.000 Fraen op 3,5 pro 1.000 Fraen gefall. Dat ass eng Reduktioun vun 30% Ënnerscheed, awer leider net all 3t Fra.
A wann et nach ëmmer net verständlech ass, direkt nach en zweet Beispill dat fir Kloerheet suergt.
Phlebitten an Thrombosen souguer Longenembolien kommen méi heefeg bei Fraen vir wéi bei Männer. Jee no Etüd, ëm 1 vun 1.000 pro Joer. D’Antibabypëll setzt de Risiko ëm 200% erop. Kréien dann elo all Fraen mat der Pëll dat, oder och nach 2x? Nee, de Risiko geet vun enger op 3 Fäll pro 1.000 erop, wat klinesch signifikant ass, mee 997 Fraen kréien et eben net. Wann der den Dokter frot, dann verlaangt Konkretes. Mat Prozenter kenne mir eis duerch d’Solden relativ gutt aus, an awer esou kann jiddereen mat Fakten mat entscheeden, op een eppes sou wëllt oder eng Behandlung net wëllt.
Heiansdo schwätzen Dokter a Patient zwar déi selwecht Sprooch, an awer schwätzt een laanschteneen, och wann dat mat Momenter liewesgeféierlech ass