
Et ass eng Traditioun, déi zanter Joerzéngten d‘Relatioun tëscht der Monarchie an der Bevëlkerung symboliséiert. D‘Gemeng Esch preparéiert sech zesumme mat anere Minett-Gemengen op d‘Joyeuse Entrée. Am Ganze wäert déi groussherzoglech Koppel 5 verschidde Stied zu Lëtzebuerg besichen. Den Ufank gëtt de 24. Abrëll zu Esch gemaach – mat engem Programm, deen de Fokus op d’Regioun, hir Geschicht an hir aktuell Entwécklung leet.
1964 war et de Grand-Duc Jean, am Joer 2000 de Grand-Duc Henri an dëst Joer de Grand-Duc Guillaume, deen an där selwechter Traditioun seng éischt “Joyeuse Entrée” am Minett mécht. Genee wéi den Trounwiessel gehéiert och dës Visitt zu engem feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Geschicht, wann déi nei groussherzoglech Koppel déi verschidde Regioune vum Land besicht, fir de Kontakt mat der Bevëlkerung ze sichen. Fir den Escher Buergermeeschter Christian Weis ass et wichteg, an dem Kader d‘Bedeitung vum Minett ervirzehiewen.
“Fir ze weisen, wat ass de Minett haut wat ass de Minett vu muer, wou schaffe mir hin an ze weisen, wie sinn d‘Leit, déi am Minett sinn. An dat si Leit, déi handfest sinn, déi bëssfest sinn, déi engagéiert sinn, déi awer och immens kreativ sinn, déi Iddien hunn, déi Kompetenzen hunn, déi no vir kucken an dat zeechent de Minett aus, dat zeechent d‘Lëtzebuerger Land bëssen u sech aus.“
Géint 16 Auer wäert déi groussherzoglech Koppel mam Zuch um Belval ukommen, wou duerch eng Rei Evenementer an Ausstellungen alles ënnert dem Theema Zukunft, Fuerschung an Entwécklung steet. Ganz am Sënn vun der “Mobilité douce” geet et fir de Grand-Duc mam Vëlo iwwer de Vëlodukt vu Belval a Richtung Stadkär vun Esch bis op d’Brillplaz, wou de Programm mat weideren Aktivitéite virugeet.
“D‘Brillplaz ass hei zu Esch, d‘Plaz vum Zesummeliewen, wou déi verschidde Kulturen, déi verschidden Nationalitéiten zesummekommen, zesumme feieren an do wäert dann eng Zort Zirkus si mat Artisten, déi de Leit, déi bei eis op Besuch kommen eppes bidden an duerno wäert dann de bal populaire agelaut ginn.“
Nom Minett geet et am Juli an den Norden op Ëlwen, am Oktober an den Osten op Wuermer an nächst Joer geet den Tour da weider an de Weste mat Biekerech. Nach dono ass d‘Joyeuse Entrée am Zentrum an zwar zu Miersch.