RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Carlo Schneider

Patrick Greis
De Carlo Schneider ass Karikaturist a Cartoonzeechner, dee mat sengem Heidi am Emmental an der Schwäiz lieft.
© Patrick Greis

Am "Café des artistes" erënnert hie beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel un déi Zäit, wou hien op der Tëlee all Sonndeg live an der Sendung den Invité vun der Woch gezeechent huet, wat net ëmmer bei deene Betraffene sou gutt ukoum.

Hie verréit, dass vill Leit zu Lëtzebuerg gären am Präis handelen, wa se eng Zeechnung vun him ofkafe wëllen. Et gëtt ee gewuer, dass hie Lénkshänner ass, wat an der Schoul fir vill Problemer gesuergt huet a verzielt, dass et fir hie bei den Zeechnunge keng Limitte gëtt, wat him och scho Problemer a Menacen abruecht huet.

Et geet ëm Romantik, speziell Réng, Spullkëschte bei Toiletten, Hiewanen an de KARIKATOUR 2026.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO