
Der "New York Times" no huet d'Swift vun en Donneschdeg un de Madison Square Garden matten am New Yorker Staddeel Manhattan gelount. Wärend verschiddener doran Indicë fir eng Hochzäit gesinn, gesinn anerer éischter een Oflenkungsmanöver doran.
Zanter Woche gëtt op alle Fall schonn an den US-Amerikanesche Klatsch-Zeitung driwwer spekuléiert, datt d'Swift an de Kelce, allen zwee 36 Joer al, sech den 3. Juli bestuede kéinten. Der "New York Times" no ginn et dofir elo nei Indicen. En Donneschdeg wier deemno fir d'éischt eng "intim" Veranstaltung mat ronn 100 Gäscht am Madison Square Garden geplangt, ier d'Hal e Freideg dann an enger "spektakulärer Feier" mat ronn 1.000 Gäscht biewe soll.
CNN no hätt eng Firma fir Hochzäitsplanning bei den Autoritéiten d'Erlabnis fir ee groussen Event ronderëm de Madison Sqaure Garden tëscht dem 2. an dem 4. Juli ugefrot. Der "New York Times" no sollen ausserdeem eng Rei Teamkolleege vum Travis Kelce, dee bei de Kansas City Chiefs spillt, Hotelszëmmeren an der Géigend gelount hunn.
Online gëtt dogéint spekuléiert, dat ganzt kéint just een Oflenkungsmanöver sinn, fir datt d'Koppel an där Zäit ganz en enzwousch anescht an aller Rou ka bestuet ginn. DTaylor Swift, déi antëscht 14 Grammys gewonnen huet, an den NFL-Star Travis Kelce, hu leschten August hir Verlobung bekanntginn.