
d'Nora Back ass zanter Niklosdag 2019 d'Presidentin vum OGBL. Manner bekannt ass hir Karriär als 'Reine des bleus' zu Bréissel oder dass si nuets e Schwan an engem Fräizäitpark geklaut huet.
Mam Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel geet et am 'Café des artistes' ëm hire Sënn fir eppes géint all Zort vun Ongerechtegkeeten ze maachen, Tripartite ass en Thema a wéi déi eenzel Acteuren sech hannert de Kulissen verstinn.
3 wäiss Kanéngercher, en Horrorspidol zu Bratislava, déi horrend Pai awer och de Passage am Centre de formation zu Colmar Bierg fir Punkten ze sammelen, de Jojo-Effekt oder eng net geplangte Rees am Policeauto no enger laanger Nuecht kommen op d'Tapéit. Piano: Marc Schmidt
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.