
"Ask for Angela", esou nennt sech eng Privatinitiativ, déi als Ziel huet Mënschen ze hëllefen, aus desagreabelen oder geféierleche Situatiounen eraus ze kommen. Et geet ëm Belästegung oder Menacen, ëm Situatiounen, an déi ee ka geroden, wann een owes um Tour ass oder wann een en Date huet.
11 Etablissementer aus der Stad, vun Esch, vun Diddeleng a vu Gréiwemaacher maache bis elo mat. Dat bedeit: Wann hir Clienten belästegt oder menacéiert ginn, kënne se einfach um Comptoir froen, ob d'Angela schafft a scho weess d'Personal, datt et sech ëm en Noutruff handelt.
D'Personal aus deene Betriber, déi matmaachen, ass nämlech speziell forméiert ginn a weess an deem Ament, datt déi betraffe Persoun an enger Situatioun ass, an där se sech net gutt fillt a kann op eng diskret Manéier hëllefen.
Virop an deem déi betraffe Persoun op eng sécher Plaz bruecht gëtt, seet d'Terri Allington, déi dëst Konzept aus Groussbritannien kennt an et elo och am Grand-Duché Realitéit gi léisst: "Dir frot einfach d'Personal ob d'Angela schafft. Dat heescht, dir braucht keng laang Erklärung ze ginn. Dir gitt ob eng sécher Plaz bruecht a gefrot wat der braucht."
Datt een nom Angela froe soll ass keen Zoufall, wéi d'Hayley Crawford erzielt. Si huet d'Initiativ a Groussbritannien op d'Been gestallt a se no der Angela Philips benannt, enger Fra, déi vun hirem Mann ëmbruecht gouf.
"Ech wollt en Numm huelen, deen eng Bedeitung huet an Angela huet mer perfekt geschéngt, well et heescht, datt d'Angela aneren hëlleft, déi an enger potentiell geféierlecher Situatioun sinn", sou d'Hayley Crawford.
Zu Lëtzebuerg gëtt et duerchaus e Besoin fir dës Initiativ, sou de Jérôme, Proprietär vum Caribou, där Bar, déi als éischt zougesot huet, fir matzemaachen: "Mir sinn zënter aacht Méint op. Zënter eiser Ouverture stelle mer fest, datt et ongeféier all zwou Wochen en Incident gëtt. Et gëtt e Besoin an net genuch Transparenz. D'Terri a seng ASBL 'Ask for Angela' maachen do grad Dieren op."
D'Terri Allington schafft mat enger Rei Benevollen zënter Méint un näischt aneschters. Si huet sech mat Proprietäre vu Caféen, Baren a Restaurante getraff a gefrot, ob se wëlle matmaachen.
Dat ass net bei jidderengem gutt ukomm, si krut och alt emol geäntwert, et géife keng Problemer ginn. Dobäi ass et einfach matzemaachen an d'Formatioun dauert 15 bis 20 Minutten.
Fir d'Police ass et eng Initiativ, déi Luef verdéngt, wéi den Direkter vun den Operatiounen, de Bob Leesch seet: "Et ass jo e Moyen, fir diskret ëm Hëllef ze ruffen a sech net selwer a Gefor ze bréngen. Mir wäerten och elo eis Personal um 113, dem Centre d'intervention national, deementspriechend briefen a schoulen."
D'Initiativ "Ask for Angela" gëtt haaptsächlech vun der Terri Allington finanzéiert a kritt keng ëffentlech Ënnerstëtzung. All Demande gouf zeréck gewisen.
Si selwer huet bis elo eng 7.000 Euro investéiert a mécht sech an deenen nächste Wochen op d'Sich no private Partner.
D'Initiativ "Ask for Angela" ass e Méindeg den Owend zu Lëtzebuerg presentéiert ginn. Lëtzebuerger Politiker waren zwar keng do, dofir awer déi brittesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.
