
E Freideg, den 10. Juli, ass déi groussherzoglech Koppel fir eng Visitt an der Gemeng Ëlwen. Nodeems de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie am Abrëll dëst Joer zu Esch waren, ass dëst elo deen zweete Besuch vun hirem Tour duerch Lëtzebuerg nom offiziellen Trounwiessel. Geplangt ass d'Arrivée vum den Éieregäscht géint 16 Auer a soll um kuerz virun 19 Auer eriwwer sinn.
An der Gemeng Ëlwen wäert déi groussherzoglech Koppel d'Diversitéit an de Räichtum vum Éislek, am Norde vum Land gewise kréien. Zu der Gemeng Ëlwe gehéieren jo d'Uertschaften Ëlwen, Kierchen, Biwesch, Drénkelt, Géidgen, Beesslek, Huldang a Wilwerdang. Den direkte Kontakt an Austausch mat de lokalen Awunnerinnen a Awunner wier der Koppel hei wichteg.

D'Visitt vun der Koppel wäert dann zum Schluss mat engem grousse Volleksfest hannert der Gemeng zu Ëlwen op en Enn goen.
RTL wäert dësen Event e Freideg dann och couvréieren, ënnert anerem a Form vun engem Live-Ticker.