"Eurovision in Concert"D'Lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija op der ESC-Preparty zu Amsterdam

RTL Lëtzebuerg
Nom leschten Optrëtt zu Oslo Enn Mäerz war et schonn déi zweet Pre-Party am Virfeld vum Eurovision Song Contest.
© Patrycja Pruchenska

D’Eva Marija war leschte Weekend op déi grouss ESC-Pre-Party “Eurovision in Concert” an der AFAS Arena zu Amsterdam invitéiert, wou et hiert Lidd “Mother Nature ” virun iwwer 4.000 Spectateuren gesongen huet.

Nom leschten Optrëtt zu Oslo Enn Mäerz war et schonn déi zweet Pre-Party am Virfeld vum Eurovision Song Contest. Dës Serie u Concerten a Presse-Meetingen gëtt all Joer organiséiert, fir d’Kënschtler an hir Lidder ze promoten an de Fans d’Méiglechkeet ze ginn, hir Liblingssänger live ze erliewen.

Back to Top
CIM LOGO