LIVE! Planet People vum 3. JuliMam Catt, Indira Ongaro, Jonn Happi, Nosi an Symphony of Unity

Patrick Greis
Pop, Petanque, e Clown, en DJ an de symphoneschen Orchester vum Tomorrowland
Live! Planet People vum 3. Juli 2026
Mam Catt, Indira Ongaro, Jonn Happi, Nosi an Symphony of Unity

D'Sängerin Catt ass dëst Joer um 'Flow Festival' am Park um Belval. Si huet eng Stëmm, déi d'Zäit unhält, soe Kritiker. CATT verwandelt kleng Geschichten zu universellen Erzielungen iwwer dat wat si erlieft, egal wou, wéini a mat wiem. D'Kënschtlerin, déi aus engem Duerf mat 3 Haiser an Norddäitschland kënnt, huet schonn als Kand Musek gemaach an ier si richteg schwätze konnt huet si gesongen. Mat 2 Albumen huet hire Fanclub sech schlagméisseg vergréissert, a bei der 6. Editioun vum 'Flow Festival' am Park um Belval ass si tëscht dem 17. a 19. Juli een vun den Highlighten.

© Charlotte Krusche

Bei der Petanque-EM zu Lorca a Spuenien huet d'Indira Ongaro am Tête à Tête Bronze gewonne. Mat hiren 23 Joer huet d'Spillerin scho vill Erfarung gesammelt. 2015 goung et lass an ee Joer méi spéit war d'Indira am Nationalkader. Fir d'éischt als Junior a nach 1 Joer drop am Dammenkader. 2018 war d'Indira déi Jéngst op der EM an och 2019 war d'Sportlerin mat 16 Joer déi Jéngst op enger WM. Zanter 2021 ass si am Club B.P. Riganelli, an zu hirem Palmarès gehéieren och d'Spiller vun de Klenge Länner 2019 a Montenegro, wou si mat enger Goldmedail zréckkoum.

© Indira Ongaro

Den Jonn Happi huet als Clown méi wéi een Trick drop a weess net just d'Kanner ze begeeschteren. De Papp vun 3 Kanner huet 2001 eng éischte Kéier d'Nues an eng Zirkusschoul zu Bréissel gestach, an duerno koume weider Formatiounen an der "Masterclass International Clown School of Eric de Bont" oder verschidde Workshoppen a Pantomime an Diabolo fir just déi erauszepicken. De bekannte Clown ass och reegelméisseg op der "Nuit des merveilles", déi den 10- an 11. Juli hir 16. Editioun zu Beetebuerg feiert a wou Artisten a Kënschtler aus der Groussregioun erwaart ginn.

© Marc Strasser

Op der Kinnekswiss ass e Freideg de Geescht a Sound vun Tomorrowland present. Mat bekannten DJ'e wéi Hoffi-Zambezi an NOSI, ier um 21:45 Auer den "Tomorrowland's Orchestra Simphony of Unity", den offiziellen Orchester vum Tomorrowland, ze héieren ass. Virun der fantastescher Kuliss vum Park Edouard André ass een eemolege Spektakel ze gesinn, dee sengesgläiche sicht. Méi wéi 50 Museker gi vum belschen Dirigent Kevin Houben geleet, wou Stécker aus der elektronescher Musek op e symphoneschen Orchester treffen. Grousse Rendez-vous vu "Kinnekswiss loves" op der selwechter Plaz ass e Sonndeg mam belsche Singer/Songwriter Milow.

© Alisson Demetrio

Back to Top
CIM LOGO