De massive Staarkreen vum 14. a 15. Juli 2021 hat dat ganzt Land, mee besonnesch och Iechternach äiskal erwëscht. Bannent kuerzer Zäit sinn d'Peegelen un der Sauer massiv geklommen an hu Stroossen, Geschäfter, Wunnengen a Kelleren an der Abteistad ënner Waasser gesat. E Joerhonnert-Héichwaasser.
Den Thomas Huybrecht huet zanter 8 Joer e Brëllegeschäft zu Iechternach a ka sech nach gutt un d'Situatioun erënneren:
"Ich bin um 2, 3 Uhr nachts wach geworden und dann haben wir schon gehört, dass der Wetterbericht sehr sehr extrem sein wird. Dann bin ich um 4 Uhr morgens hingefahren und dann stand die Seitenstrasse schon komplett unter Wasser. Dann haben wir gesagt 'Ok, was machen wir jetzt?' Die Feuerwehr war da, Sandsäcke hingelegt, abgewartet, gehofft, dass das Wasser natürlich nicht weiter steigt. Und dann kam die Nachricht, dass es irgendwie stehen geblieben ist das Wasser, dann wurde irgendwie wieder was geöffnet, irgendeine Schleuse und dann kam es doch noch mal hoch und dann stand leider der Laden einen halben Meter unter Wasser."
Réischt ee Mount virdru war den Optiker geplënnert an hat alles renovéiert. Schied an Héicht vu méi wéi 70.000 Euro waren entstanen.
Och de Steve Wagner, ee vun de Gerantë vun engem Elektrogeschäft an der Halergaass, huet de 15. Juli nach am Kapp. Säi Buttek ass zwar laanscht gréisser Schied komm, mee wat seng Matmënschen deels hu misse materliewen, huet och hien net kal gelooss. Schonn de 14. Juli, wéi sech d'Katastroph ugedeit huet, war hie mat de Leit aus sengem Betrib "op Standby", fir ze hëllefen. D'Solidaritéit ënnert den Iechternacher huet hie besonnesch beréiert:
"Dat war einfach nëmme schéin ze gesinn, d'Solidaritéit vun de Leit (...) Datt d'Leit duerno nach beim Opraumen, sech gesammelt hu mat Kierbiischten, jidderengem do gehollef hunn, d'Saachen eropschleefen etc. Natierlech och d'Leit, déi evakuéiert goufen an alles, déi ënnerbruecht hu misse ginn. Do war eng immens Solidaritéit do. Och wat gesammelt ginn ass etc. Sief dat duerno am nachhinein finanziell oder och materiell (...) Et hätt ee vill méi kéinten hëllefen, mee ech mengen et war jiddereen e bëssen um Enn an egal wéi um Enn ee war, et huet een awer nach weider gehollef."
Déi finanziell Hëllefe vum Staat fir d'Gemeng Iechternach leien entretemps bei iwwer 13 Milliounen Euro a sinn an eng provisoresch Schoul a Sportshal gefloss, an och als Investissement fir weider preventiv Schutzmoossname virgesinn, déi een an Zukunft weider ausbaue wéilt, fir besser op Héichwaasser virbereet ze sinn, erkläert d'Iechternacher Deputée-Maire Carole Hartmann:
"Mir investéiere weider an Héichwaasserschutz, et gëtt déi Héichwaassermauer, mee et ginn och aner Héichwaasser-Infrastrukturen oder Héichwaasserschutz-Infrastrukturen, déi mer weider realiséiert hunn an dat ass och eppes wat mer an Zukunft nach weidermaachen, well et ass een ni gutt genuch opgestallt, fir sech virun den nächsten Héichwaasser ze schützen."
Och mat den däitschen Nopeschgemenge wier ee fir eng besser Kooperatioun reegelméisseg am Austausch an et hätt een och eng Héichwaasser-Etüd an Optrag ginn, déi vun Experte mat den neisten Erkenntnisser iwwer d'Iwwerschwemmunge vun 2021 an iwwert de Starkreen-Phenomeen soll realiséiert ginn. Och Privatpersoune sollen heivunner profitéiere kënnen, sou d'Carole Hartmann.
"Dat ass eppes, wat mir lo an de leschte Méint gemaach hunn a wat vu villen Iechternacher och ugeholl ginn ass, fir datt si och mat den Experte kënne kucken, wéi jiddereen och säin eegent Haus besser ka schütze virun Héichwaasser. Well do ass souwuel d'Gemeng gefuerdert, mee do muss och jidderee seng eege Proprietéit kënne schützen an do hu mer eeben de Bierger ugebueden, fir do iwwert eis Beroderfirma och Héichwaasserschutz bei sech doheem kënnen ze plangen"
Insgesamt 40 Stéit aus der Gemeng Iechternach hätte vun dësem Service profitéiert.