
De fréiere Polizist, deem reprochéiert gouf, am Mee 2023 engem alkoholiséierte Mann an enger Siichtzell um Kommissariat Gare e puer Mol mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen ze hunn, ass en Donneschdeg de Moien an éischter Instanz vum Stater Geriicht zu dräi Joer Prisong verurteelt ginn, dovunner zwee Joer op Sursis. Zousätzlech muss hien eng Geldstrof vu 5.000 Euro bezuelen.
Fir de Beamten, dee bei deem Incident direkt niewendru stoung, huet d'Geriicht eng Prisongsstrof vun zwee Joer mat integralem Sursis gesprach. Hie muss iwwerdeems eng Geldstrof vun 2.000 Euro bezuelen.
En drëtte Beamten, deen den Ament net am Déngscht war, sech awer am Zëmmer opgehalen huet, gouf och verurteelt. Hie krut eng Prisongsstrof vun dräi Joer, dovun zwee mat Sursis. Och hie muss eng Geldstrof vu 5.000 Euro bezuelen.
An der Affär huet sech och nach den Déngschteelste vum Kommissariat Gare misse veräntwerten. Hie war ugeklot, well hie soll probéiert hunn, de Virfall ze vertuschen. Hien hat e jonke Beamten ugewisen, am Rapport Elementer opzehuelen, déi net der Wourecht entsprach hunn. Och hien ass zu dräi Joer Prisong verurteelt ginn, dovun zwee Joer op Sursis, an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro. Zousätzlech gouf him fir fënnef Joer eng Rei biergerlech Rechter entzunn. Esou dierf hien ënner anerem keng ëffentlech Funktioun ausüben, net méi am Enseignement schaffen an och keng Waffen droen oder besëtzen.
Dem Affer goufen da 5.000 Euro Schuedenersatz fir de moralesche Schued zougesprach.
De Parquet hat viru knapp zwee Méint nach méi héich Strofe gefrot a fir déi véier ugeklot fréier Poliziste Prisongsstrofen tëscht dräi a sechs Joer gefuerdert.
An enger weiderer Affär mussen 3 vun de Beamten, sou wei e weidere Beamte sech wéinst net ubruechtem Verhalen am Déngscht veräntwerten. Hei goufe géint 3 vun de Beamte Strofe mat Sursis gesprach.