
Et ass d’Fest vun der Famill. Egal ob een an enger Metropol lieft oder wäit ewech am Ausland, fir dës Deeg probéieren déi meescht, heem ze kommen. Et gëtt gekacht, gelaacht an zesumme gefeiert. Virum eigentleche Fest gëtt d’Haus grëndlech gebotzt. Dat steet symbolesch dofir, dat alt Ongléck hanner sech ze loossen. Wann d’Botz eriwwer ass, gëtt dekoréiert: Rout spillt eng zentral Roll, et ass d’Faarf vum Gléck a vum Schutz. De Yong Zhang vun Ero-Asie erkläert firwat dass bei de Chinesen elo réischt gefeiert gëtt:
Dat huet domat ze dinn, dass mir an Europa de Sonnekalenner hunn an an Asien, China resp och Vietnam hu mer de Moundkalenner. De Mound brauch 360 Deeg fir ronderëm d’Äerd ze dréinen, d’Sonn 365. No den Opzeechnunge vum Moundkalenner schwankt de chineeseschen Neijoerschdag ëmmer tëscht dem 15. Januar bis de 15. Februar. A mir nennen et net Neijoerschdag, mee Fréijoersfest, well do d’Fréijoer ufänkt.
Um Sylvesterowend dee gëscht Owend gefeiert gouf, gëtt et e grousst Festiessen. All Plat huet seng eege Bedeitung:
Beim Neijoerschfest doheem, muss ëmmer Fësch zevéiert ginn “Nian Nian You Yu” - dat heescht, et ass ëmmer eng Éier dass d’Famill zesumme kënnt, dass dat och d’Joer drop widderholl ka ginn. Am Süde vu China gëtt vill Räiskuch giess “Nian Gao” oder “Popo Gao” - wat an anere Wieder bewierkt, een deen elo seng Carrière ugefaangen huet, soll besser positionéiert sinn.
Traditioun ass och, dass déi eeler Generatioun där Jonker eng Enveloppe schenkt:
Rout symboliséiert Gléck a Freed, an do soll dann e bëssen Täschegeld an de rouden Enveloppe sinn, dat un d’Kanner verdeelt gëtt. Mir sollen eis och ëmmer nei Kleeder undoe fir Neijoeschdag an a wann de Moien ubrécht soll déi eelste Persoun aus dem Haus dann nach China Böller oder Rakéiten ufänken, fir déi béis Geeschter ze verdreiwen.
All Joer steet och am Zeeche vun engem Déier aus dem chineeseschen Déierekrees. Dëst Joer ass et d’Feierpäerd, wat Courage schenke soll, fir eppes Neies unzefänken oder grouss Aventuren unzegoen.
