Fro den AffekotKaddoen

Bob Konsbruck
Ob Massage, Restaurant oder Shopping: Bongen ginn nach ëmmer gären verschenkt. Ma wéi ass dat eigentlech mat hirer Validitéit, a wat fir Rechter hunn d’Konsumenten? De Maître Jean-Jacques Schonkert huet am RTL-Interview e puer wichteg Punkten erkläert.
© Grafik RTL

Wat kann een ëmtauschen? Brauch een eng Rechnung? Wat ass mat Bongen?

Dat Éischt, wat ee sech bei engem Bong ukucke soll, ass d’Durée de validité. An de meeschte Fäll ass e Bong ee Joer gülteg. Ass en an där Zäit net ageléist ginn, kann en theoreetesch verfalen. Juristesch gesinn ass de Basisvertrag nämlech tëscht dem Commerçant an där Persoun, déi de Bong kaaft huet. Steet an den allgemenge Geschäftsbedéngungen, datt de Bong no engem Joer net méi gülteg ass, da gëllt dat och.

An der Praxis weise sech awer vill Geschäftsleit kulant. Wien ze spéit ass, ka beim Commerçant nofroen, ob de Bong net dach nach kéint ageléist ginn – dacks mat Succès, och wann et da reng e Geste commercial ass.

Eng aner wichteg Roll spillt d’Rechnung. Am beschte soll een déi ëmmer halen. Och wann hautdesdaags vill Bezuelungen digital gemaach ginn, ass et wichteg, e Beleeg ze hunn, fir am Fall vun engem Austausch oder enger Reklamatioun e Beweis ze hunn. Besonnesch wann ee selwer net de Kaddo bezuelt huet, mee e Bong oder e Produit geschenkt kritt, ass d’Rechnung dacks entscheedend.

Ënnerscheeder ginn et och tëscht Akaf am Buttek an Online-Akaf. Online huet de Konsument an der Reegel 14 bis 15 Deeg Récktrëttsrecht, ouni mussen eng Begrënnung unzeginn. Dat gëllt och fir Kaddosbongen, déi online kaaft goufen. An engem Geschäft ass dat anescht: Do ass en Austausch oder Remboursement meeschtens just méiglech, wann e Grond virläit – zum Beispill eng falsch Gréisst – oder wann de Commerçant aus Kulanz entgéint kënnt.

Am Fazit gëllt: Op d’Konditioune kucken, d’Rechnung behalen a bei Onkloerheeten de Commerçant uschwätzen. Da bleift de Kaddo och no de Feierdeeg nach eng Freed – an net eng Enttäuschung.

Back to Top
CIM LOGO