Depensë vu knapp 26 MilliounenZejoert gouf den initiale Budget vum Haff ëm 600.000 Euro iwwerschratt

Roy Grotz
D'Maison du Grand-Duc huet hire Rapport d'activités 2025 publizéiert.
© Emile Mentz

D'Depensë vum Haff lounge zejoert ëm ronn 600.000 Euro iwwert dem initiale Budget: alles an allem schléisst d'Maison du Grand-Duc hire Bilan mat Depensen an Héicht vu knapp 26 Milliounen of, wouvunner de gréissten Deel fir d'Salairen vun den 120 Leit ass, déi am Palais, zu Bierg am Schlass oder zu Fëschbech schaffen.

Den Entretien vun dëse Gebailechkeeten an dem Patrimoine vum Haff huet natierlech säi Präis an schléit mat enger annerhallwer Millioun zu Buch, iwwerdeem fir d'Sécherheetsmesurë vun de Gebaier eng 7,4 Millioune bezuelt goufen. D'Dotatioun fir d'groussherzoglech Famill ass vun 814.000 op 844.000 Euro an d'Luucht gaangen.

D'Joer war mam Trounwiessel vum 4. Oktober natierlech exzeptionell an historesch, dës Käschten hate sech op 8,6 Millioune chiffréiert, wouvunner den Haff eng 5 Millioune selwer iwwerholl huet.

Dës Zuele publizéiert d'Maison du Grand-Duc an hirem Rapport, deen natierlech mat villen Impressiounen op den Trounwiessel, d'Festivitéiten vum 25. Anniversaire vum Règne vum Grand-Duc Henri an aneren Héichpunkten um Haff zeréck kuckt.

Dëst waren ënner anerem eng 145 offiziell Visitte vu Gäscht, déi hei am Land vum Staatschef empfaange goufen, mee och 23 offiziell Deplacementer an d'Ausland.

Wéi déi nei Hofmarschallin Sasha Baillie an hirem 1. Editorial schreift, géif de Rapport an eng Transitiounszäit vun der Maison du Grand-Duc falen, déi elo an hirem 6 Joer ass, mat engem neie Leadership a weider dem Optrag fir Traditioun a Modernitéit beieneen ze féieren.

D'Approche, déi de Grand-Duc Guillaume a seng Fra Stéphanie gewielt hätten, wieren d'Nolauschteren, de Respekt an d'Empathie grad wéi de Sënn fir hir héich Responsabilitéiten.

Back to Top
CIM LOGO