A Südfrankräich kämpfen d'Pompjeeë géint e puer Bëschbränn. Leit hu missen aus hiren Haiser an e puer Campinge goufen evakuéiert ginn. Déi gréisste Bränn sinn an den Departementer Aude an Hérault. 800 Pompjeeën an 150 Gefierer sinn do am Asaz.
Et war laang Zäit dréchen an et goufe Rekord-Temperaturen. D'Bränn si ronn zwou bis dräi Wochen éischter ausgebrach, wéi dat gewéinlech am Joer de Fall ass. Bis ewell goufen et dës Saison scho 7.000 Feieren. Eng 2.000 Pompjeeënsinn am Asaz. De franséische Premier Lecornu schwätzt vun enger "ugespaanter Situatioun".
Och a Portugal brennt et. Bis e Méindeg gëllt eng "Situatioun d’alerte". Iwwer 1.000 Pompjeeë sinn am Asaz. D'Hëtztwell geet och weider. D'Temperature klammen a Portugal op 40 Grad oder méi an nuets killt et net wierklech of.
Ënnert anerem huet et och zu Canet-en-Roussillon bei Perpignan, am Süde vu Frankräich, gebrannt. Dobäi ass déi bei Lëtzebuerger beléifte Campingsplaz "Le Brasilia" uerg getraff ginn. Iwwer 250 Bungalowen goufen op dräi Campingsplazen un der katalanescher Küst zerstéiert, dovunner eleng 150 um Camping "Le Brasilia".