Däitsch Medie mellenDen däitsche Bundestrainer Nagelsmann soll sech fir Récktrëtt decidéiert hunn

RTL Lëtzebuerg
D'Kritik um Nagelsmann war nom Out bei der WM grouss. Kënnt elo de Jürgen Klopp?
Gesi mer op dëser Foto schonn den Nofollger vum Julian Nagelsmann?
Gesi mer op dëser Foto schonn den Nofollger vum Julian Nagelsmann?
© TOM WELLER/dpa Picture-Alliance via AFP

E Freideg de Moie melle souwuel d'Bild-Zeitung, wéi och SKY Däitschland, dass den Trainer vun der däischter Nationalekipp decidéiert hätt vu sengem Posten zeréckzetrieden.
En Donneschdeg koum et beim DFB zu enger Krisesëtzung. ntv/RTL-Informatiounen no, hat de Verband dem Nagelsmann bis e Méindeg Zäit ginn selwer zeréckzetrieden. Domadder wollt een him d'Chance ginn dolaanscht ze kommen, erausgeheit ze ginn.

Dem Nagelsmann säi Kontrakt beim DFB geet nach bis 2028.

Wien elo Nofollger vum Nagelsmann soll ginn, ass nach net offiziell bekannt. Ëmmer nees fält awer den Numm Jürgen Klopp.

Back to Top
CIM LOGO