De Mënsch huet d’Vertrauen an déi aner Mënsche verluer, soziale Réckzuch a falsch verstane Léift zu den Déiere sinn d'Konsequenzen.

Ee vun de ganz schlëmme Fäll, wou de Privaten Déiereschutz eng éischte Kéier vun am Ganzen 3 Mol huet missen agräifen, war 2001. Am Süde vum Land war eng Fra am Déiereschutz aktiv; si huet awer deemools scho keen an d’Haus gelooss. Si huet dunn eng Fläschekaz vun enger Persoun vum Déiereschutz iwwerholl. Déi Fra wollt sech no engem Mount vergewësseren, datt et dëser Kaz och wierklech gutt geet. Hir ass dunn opgefall, datt d’Haus voller Kaze war. Et waren der esou guer an engem Schaf an der Entrée agespaart. Wéi d'Dier vum Schaf dunn erausgefall war, ass dat Ganzt opgeflunn. Wéi dës Fra zesumme mam Marie-Anne Heinen vum Privaten Déiereschutz op d’Plaz zeréck kucke war, war d’Entrée relativ propper, mee soss war iwwerall 1 Zentimeter décke Knascht.

Bei enger weiderer Visitt war d’Police mat dobäi. Op engem Schaf an der Stuff stoung e Käfeg mat engem Mierschwéngchen dran. Do war esou vill Knascht dran, datt d’Déierche mam Réck uewe widder dem Gitter war. Iwwerall war et onmoosseg knaschteg, et stoungen och vill Dreckskiwwelstute ronderëm. Och wann d’Dier fir op de Späicher mat Saache verspaart war an d’Fra behaapt huet, et géing ni een do erop goen, huet d’Police déi Dier awer opgemaach. Do waren och vill Kazen. Am Ganzen huet den Déiereschutz 19 Kazen an 1 Mierschwéngchen aus deem knaschtegen Haus erausgeholl. 7 Kazen hu missen direkt ageschléifert ginn. Der Fra goufen 3 Kaze gelooss. Awer 2004 an 2013 war op en Neits déi selwecht Situatioun, deelweis esouguer nach méi schlëmm. 2014 ass déi Affär op d’Geriicht komm an d’Fra ass zu enger Geldstrof verurteelt ginn a si huet wärend 15 Joer keng Déieren däerfen halen.

RTL

© Privaten Déiereschutz

D'Konsequenze fir d'Déieren

Déiere leiden ëmmer bei sou enger Situatioun. Net nëmmen, datt net méi aartgerecht no hinne gekuckt gëtt, et liewen och ze vill Déieren op ze enkem Raum zesummen. Dëst huet als Konsequenz, datt sech méi séier Krankheeten ënnert hinne verbreeden, esou d’Veterinärin Nicole Demuth. Doduerch léisst sech och erklären, datt Déieren dann op eemol séier an e schlechte gesondheetlechen Zoustand geroden. De Besëtzer ass dann och iwwerfuerdert. Visitte beim Veterinär, déi grad dann néideg wären, ginn net organiséiert. De Mënsch weess och net méi, wéi vill Déieren hien huet a vu wéi engem Geschlecht se sinn. Et ginn der ëmmer méi, well se onkontrolléiert Klenger kréien. Do ass et da wichteg, datt duerch Déiereschutzorganisatiounen an duerch d’Veterinärsinspektioun agegraff gëtt. Déi krank Déiere kënne medezinesch versuergt ginn an duerno kann en neit Doheem fir se gesicht ginn.

Ursaachen a Symptomer beim Mënsch

Bei deem Ganzen däerf de Mënsch och net vergiess ginn. “Animal Hoarding” ass bis elo nach net als eegestänneg Krankheet unerkannt ginn. Et ass eng Ënnerform vu krankhaftem Sammelen, esou de Psychiater Dr Paul Hedo aus dem CHL. Déi Persounen hu Schwieregkeeten, sech vu Saachen, respektiv vun Déieren ze trennen. Zu den Déieren hu si eng nach méi emotional Bindung wéi zu Géigestänn. Beim "Animal Hoarding" sammele si ëmmer méi Déieren a sinn awer vun engem gewëssen Ament un net méi kapabel, sech adequat ëm se ze këmmeren. Zousätzlech kënnt dacks dobäi, datt d’Wunneng staark verknascht ass. Déi concernéiert Persoune kënnen d’Situatioun dacks awer net méi richteg aschätzen, si sinn deen Ament dann och net méi an der Lag, selwer eppes drun z’änneren.

Et ass e laange Prozess, bis et esou wäit kënnt. Dacks hu si an hirer Kandheet Traumaen erlieft oder hate chaotesch Liewensëmstänn. Bei enger Trauer kënnen d’Symptomer sech nach verschlëmmeren. Et kënnen awer och méi Grënn zesumme kommen, déi erklären, firwat dës Krankheet entsteet. Eng genetesch Komponent kann do eng Roll spillen oder och eng aner psychesch Krankheet, erkläert den Dr Paul Hedo weider. Opfälleg ass, datt méi Frae wéi Männer krankhaft Déiere sammelen. Et sinn och éischter méi eeler Mënsche betraff, déi wéineg sozial Kontakter hunn. Duerch schlecht Erfarungen, déi si mat anere Mënsche gemaach hunn, verléiere si d’Vertrauen an d’Leit an zéien et vir, Bindunge mat Déieren opzebauen. Si ginn och dovunner aus, datt si e besonneschen Optrag hunn, fir no Déieren ze kucken. Fest steet, datt de Concernéierte selwer net no Hëllef freet; déi Demande kënnt da vu baussen. Dëst empfënnt de Betraffene selwer awer als negativ.

Fir e Réckfall z'evitéieren, bräicht de Mënsch dann eng Therapie. Et ginn zwar nach keng standardiséiert Therapie-Richtlinnen, mee et ginn awer Modeller vu Verhalenstherapien, déi a sou Fäll kënnen agesat ginn.

Och wann déi ganz schlëmm Forme vun “Animal Hoarding” éischter méi rar sinn, wär et gutt fir Mënsch an Déier, wann déi Situatiounen esou fréi wéi méiglech kéinten erkannt ginn.