Animal Hoarding beschreift e Krankheetsbild, bei deem Mënschen Déieren a grousse Massen halen, awer net genuch no hinne kucken.

Uganks Mäerz sinn an engem Gaardenhaischen zu Saarbrécken am Staddeel Arnual 200 Déierekadaver an 32 vernoléissegt Kaze fonnt ginn. Esou Neiegkeete suergen ëmmer nees fir vill Opreegung, well entweder vill krank Déiere fonnt goufen, eng Partie vun hinne schonn dout sinn oder mussen ageschléifert ginn. Am Fall vun "Animal Hoarding" gi vill ze vill Hausdéieren op enkstem Raum gehalen, an dëst meeschtens an extremen Knascht. De Mënsch ass dann net méi kapabel, d'Déieren aartgerecht ze halen a sech ëm se ze këmmeren.

Den Dr Wildschütz vun der Veterinärsinspektioun huet confirméiert, datt et dee Phänomen och hei zu Lëtzebuerg gëtt, e wär awer éischter rar. Wa si esou e Fall am Kader vum Wuelbefanne vum Déier gemellt kréien, da gi si op d’Plaz kucken, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.

Wann zousätzlech e Problem vun der Hygiène besteet, da geet d’Inspection sanitaire och mat dohinner. Et gëtt do dann direkt versicht, no enger Léisung ze sichen. Do kann de Proprietär vun deenen Déieren ordonéiert kréien, fir mat hinne reegelméisseg bei de Veterinär an d’Kontroll ze goen. Hie soll och hëllefen, de sanitäre Problem mat an de Grëff ze kréien. Heiansdo ginn och am Accord mam Proprietär d’Déieren temporär oder definitiv placéiert.

Als leschten Auswee ginn d’Déieren eréischt confisquéiert. Dëst geschitt dann iwwert de Parquet. Si ginn dann entweder enger “personne physique ou morale” oder enger “Association pour la Protection des Animaux” uvertraut. Am Déiereschutzgesetz sinn eng Rei Sanktioune virgesinn, am Fall, wou de Proprietär da géint d’Oploe verstéisst. Dëst ka vun engem Protokoll bis zu enger Plainte goen. Do huet de Riichter dann och d’Méiglechkeet, e Verbuet auszeschwätzen, fir Déieren ze halen. Dat fir eng Dauer vun 3 Méint bis 15 Joer.

Esou Situatiounen huet d’Marie-Anne Heinen vum Privaten Déiereschutz scho méi wéi eng Kéier erlieft. Bei 2 Famillen hu si esouguer 3 Mol missen zréckgoen, well op en Neits alles voller Déiere war.

Wichteg ass, datt si dann zesumme mat der Veterinärsinspektioun an eventuell och mat der Inspection sanitaire op d’Plaz ginn, ouni sech am Virfeld unzemellen. Am anere Fall besteet de Risiko, datt d’Leit gebotzt a geraumt hunn oder datt si e groussen Deel vun den Déiere fir deen Dag vum Rendez-vous bei Frënn ginn hunn. Dëst war genee esou geschitt, wéi d’Veterinärsinspektioun sech bei enger Famill ugekënnegt hat, déi onmoosseg vill Kanéngercher, Vullen a wëll Dauwe gehalen hat. Bei der Kontroll hate si just nach 2 Käfeger mat Kanéngercher am Haus. De Rescht war bei der Nopesch.

Dat Ganzt ass awer erauskomm, well dës Nopesch méi spéit eng Plainte gemaach hat. Bei engem Fall am Süde vum Land hat den direkten Noper vun enger Mamm an hirer Duechter enges Daags d’Police geruff, well et ganz staark no Läich gericht hat. Bis zu deem Zäitpunkt haten déi zwou Frae weder d’Police nach d’Veterinärsinspektioun an d’Haus gelooss. Deen Dag hat d’Police dunn awer d'Dier opgebrach.

An engem Schapp sinn ënner Dreckskiwwelstuten direkt e puer Hënn fonnt ginn, déi scho méi laang dout waren. 60 Déieren huet dës Famill ewechgeholl kritt. Déi sinn am Gaasperecher Déierenasyl, am Diddelenger Déierenasyl a beim Privaten Déiereschutz ënnerbruecht ginn. 5 vun de 26 Kazen, déi si opgeholl haten, hunn direkt missen ageschléifert ginn, esou d’Marie-Anne Heinen.