Sollt en neit Gesetz a Spuenien gestëmmt ginn, kéint et sinn, datt et och fir d'Déier e gedeeltent Suergerecht gëtt.

D'Virlag vum Gesetz gesäit vir, datt d'Hausdieren an Zukunft net méi als "Besëtz" agestuuft ginn, mä als "sensibel liewend Wiesen". Bis ewell hu sech all d'Parteien, ausser déi rietsextrem Vox, fir dëst Gesetz ausgeschwat.

Am Gesetz sollen och Krittäre festgeluecht ginn, wéi d'Geriicht den Ëmgang mam Hausdéier am Sënn vum Wuel vum Déier festleeë kann. Domadder schaaft een och Raum, datt d'Suergerecht vun engem Déier ënnert den Ex-Partner kann opgedeelt ginn.

Mat dësem Gesetz géifen d'Besëtzer vun Hënn, Kazen a Co verflicht ginn, d'Wuel vum Déier sécherzestellen. Sollt dann engem Déier eppes beim Ex-Partner zoustoussen, kann dorausser esouguer en Usproch op Schuedenersatz ginn.