An Indien goufen e Samschdeg 8 Geparden aus Namibien ausgesat, nodeems d'Déier zanter Joerzéngten am asiatesche Staat ausgestuerwe war.

Op der ëffentlech-rechtlecher Tëleeschaîne Doordarshan konnt een e Samschdeg gesinn, wéi de Premierminister Narendra Modi bei der Arrivée vun de grousse Kazen am Kuno Nationalpark südlech vun New Delhi dobäi war.

Fréier goufen et asiatesch Geparden an Indien, ma net méi zanter 1952. Dofir gëtt et zanter den 90er Jore schonn de Projet, fir nees Geparden ze verwëlderen. Déi 8 Déiere bleiwen elo mol ee Mount an engem Quarantän-Deel, iert se an de Recht vum Park dierfen.

Kritiker fäerten, datt si kéinten a Konflikt mat aneren Déieren am Naturschutzgebitt kommen.