Zanter Wochen an der Ostsee gestrantE Freideg start en neie Rettungsversuch fir de Bockelwal "Timmy"

RTL mat AFP
Mat Loftkësse soll de gestrante Wal eng lescht Chance kréien, zeréck an d'oppent Mier ze kommen.
© DANNY GOHLKE/AFP

U sech war eng erneit Rettungsaktioun fir de Bockelwal, deen zanter Wochen elo schonn an der Ostsee festhänkt, verworf ginn. D’Déier wier ze schwaach a sollt a Rou stierwe gelooss ginn, haten d’Autoritéiten d’lescht Woch zesumme mat Experten decidéiert.

Ma elo gouf et awer nach emol gréng Luucht fir ee leschte Rettungsversuch fir dat krankt Déier. Dës Kéier ass et eng Privatinitiativ, déi vum Mediamarkt-Matbegrënner Walter Grunz a vun der Entreprenerin Karin Walter-Mommert finanzéiert gëtt.

De Plang ass kéng: de Bockelwal, deen elo schonn zanter iwwer zwou Woche virun der Insel Poel bei Wismar a flaachem Waasser gestrant ass, soll mat engem System aus Loftkëssen ugehuewe ginn an da mat engem Schëff a Richtung Nordsee oder Atlantik geschleeft ginn. D’Autoritéite vu Mecklenburg-Vorpommern dulden de Rettungsversuch, ma hu betount, datt d’Verantwortung dofir eleng bei der privater Initiativ läit.

U sech hätt d’Rettungsaktioun scho sollen en Donneschdeg starten, ma et blouf bei Preparativen. De Gunz sot der “Bild"-Zeitung géigeniwwer, et hätt een am Virmëtteg “Zäit verluer”, ouni awer weider Detailer ze nennen. Wärend Hëllefer beim Bockelwal waren an e mat Dicher naass gehalen hunn, goufen an engem Hafen net wäit fort d’Schwamm-Hëllefe virbereet. E Freideg soll de Rettungsversuch da richteg lassgoen.

Ufank Mäerz hat sech de Bockelwal, dee vun de Medien op den Numm “Timmy” gedeeft gi war, an der däitscher Ostsee veriert. Hien ass e puermol viru Schleswig-Holstein a Mecklenburg-Vorpommern gestrant, ier e virun der Insel Poel hänkebliwwen ass. Experten no ass de Wal krank a läit méiglecherweis schonn am stierwen. Datt e Wal e puermol strant, déit op massiv Probleemer hin.

Rettungs- an Hëllefsversich ware virun eppes méi wéi zwou Woche gestoppt ginn, well se potentiell just nach Déierequälerei wieren. Ma de Landesumweltminister Till Backhaus (SPD) hat e Mëttwoch dem Rettungskonzept vun der privater Initiativ awer nach d’gréng Luucht ginn, well de Versuch schounend an dowéinst aus Siicht vum Déiereschutz akzeptabel wier. Gläichzäiteg huet hie sech zeréckhalend ausgedréckt, wat d’Chancen op en Erfolleg ugeet. Och d’Initiativ selwer seet, d’Resultat vum Rettungsversuch wier “net previsibel”.

Back to Top
CIM LOGO