E Freideg huet de Landwirtschaftsministère zu Kopenhagen erkläert, datt d'Verbuet vun der Näerz-Zuucht Enn des Joers auslafe wäert.

Deemno dierfen déi kleng Déieren nees vun 2023 un ënner strengen Oplage vun der Infektiounspräventioun geziicht ginn.

Am November 2020 hat déi dänesch Regierung ronn 15 Milliounen Déieren ëmbrénge gelooss, fir eng Verbreedung vun enger mutéierter Form vum Covid-Virus, déi sech och op de Mënsch iwwerdroe konnt, anzedämmen. Duerch eng méiglech Verbreedung vun dëser Virus-Variant hat ee gefaart, datt de Wierkstoff vun der Impfung beanträchtegt kéint ginn. Dowéinst huet een dunn d'Déiere kuerzerhand ëmbrénge gelooss.

D'Regierung gouf deemools ferm wéinst dëser Decisioun kritiséiert. Elo, nodeems déi staark kritiséiert Zuucht nees erlaabt wäert ginn, dierft d'Kritik wuel och net méi kleng ginn.