Et héiert ee si dacks éier, dass ee si gesäit. D'Krukerte si wuel déi Zuchvillercher, déi mat am meeschten opfalen.

Dobäi war et dëst Joer nach relativ roueg ronderëm déi grouss Vullen. Vill Gruppe verloossen hir Brutplazen dëst Joer méi spéit. Dat ass eng Entwécklung, déi iwwert déi lescht Joren ëmmer méi observéiert gouf.   

Verännerungen am Verhalen

D'Wantere si méi mëll an dat verleet d'Déieren net just hir Rees méi spéit unzefänken, mä och, fir manner wäit ze fléien. D'Fluchroute ass net ganz ongeféierlech, esou den Ornitholog Patric Lorgé vun Natur an Ëmwelt: "Et ass kloer, wat si manner wäit musse fléien, wat manner Geforen do si wéi elektresch Leitungen, Wandkraaftanlagen oder wa si verdriwwe ginn. Wat méi wäit d'Zuchstrecke sinn, wat dat fir si méi geféierlech ass." 

Dobäi kënnt, dass si dann net esou wäit fort vun de Brutplaze sinn. Déi sinn nämlech méi rar, well d'Populatioun an Europa ass an deene leschten 20, 30 Joer gutt gewuess. Zanterdeem am Joer 1979 d'Vulleschutzdirektiv a Kraaft getrueden ass, sinn d'Krukerten eng geschützten Aart. Tëscht 225.000 an 370.000 Hoergänse gehéieren zu der europäescher Populatioun.   
Och de groussen Ubau vu Mais spillt der Hoergäns an d'Kaarten. De Mais spillt eng wichteg Roll an der Ernierung vun de Krukerten am Wanter. "Dat huet mat sech bruecht, dass si am Wanter méi Nahrung am Norden hunn, esou dass si guer net méi brauche bis an Nordafrika ze zéien, mä eben och a Mëtteleuropa Konditioune fannen, wou si de Wanter probéieren ze packen.", erkläert de Patric Lorgé.   

Wéi Daten hëllefen, Villercher ze schützen

D'Centrale Ornithologique gëtt et zanter 1998 an huet als Optrag, Donnéeë vun de Villercher zu Lëtzebuerg ze sammelen, nom Motto: "Et schützt ee just wat ee kennt". Dofir ginn et spezifesch Monitoringprogrammer, zum Beispill beim Schwaarzstorch oder beim Wanderfallek. Eng 120 Fräiwëlleger hëllefen déi Donnéeën zu Lëtzebuerg um Terrain ze sammelen. Déi Siichtunge ginn alleguerten iwwert de Site ornitho.lu gesammelt, erkläert de Patrick Lorgé: "Mat alleguerten deenen Date schaffe mir och, mat deene maache mir d’Rout Lëscht vun de bedrote Vullenaarten. Mir kënnen an internationale Programmer matschaffen, wéi d'Vullenaarten sech an Europa entwéckelen."  Esou ass Natur an Ëmwelt zum Beispill och Member beim EBCC (European Bird Census Council), deen ënner anerem och Donnéeën iwwert d'Zuchstreck vun den Krukerte sammelt.

Déi Vernetzung tëscht de verschiddenen europäesche Länner hätt zum Virdeel, dass ee méi ee komplett Bild iwwert d'Entwécklung vu Bestänn hätt. Dat kéint hëllefen, d'Ursaachen ze fannen, wann een zum Beispill ee Réckgang an enger Populatioun feststellt. Wat ee méi Informatiounen iwwert d'Verhalen an d'Bestänn vu verschiddenen Vullenaarten hätt, wat ee méi spezifesch Schutzmoossname kéint huelen.

Wéini komme se dann?

Soubal et op de Brutplaze kal gëtt, ginn d'Vullen duerch d'Keelt an de Süde gedréckt. Wärend vereenzelt Gruppe sech schonn op de Wee gemaach hunn, erwaart ee sech déi grouss Well, mat där de Gros eriwwerzitt an den nächsten Deeg. An der Nuecht op e Méindeg sinn der scho vill duerch geflunn. Et sollen der nach eng Partie kommen, wann si net ze vill vum Wand gestéiert ginn. Am Wanter fléie si moies aus Norddäitschland fort a maachen hire Stopp an der Lorraine. Dofir gesäit ee si zu Lëtzebuerg dacks réischt am spéiden Nomëtteg oder souguer bis an d'Nuecht eran. 
Am Fréijoer ass et ëmgedréit, do gesi mir si am Grand-Duché dacks ëm d'Mëttesstonn. Dass een zu Lëtzebuerg iwwerhaapt esouvill Krukerte gesäit, läit dorunner, dass mir op enger vun de Route vun den europäeschen Hoergänse leien, der westeuropäescher Route.

RTL

Dës Woch lount et sech also am spéiden Nomëtteg d'Oueren ze spëtzen, fir den Naturspektakel net ze verpassen.