Schaffpäerd, déi Krevetten aus dem Mier zéien
Fréier gouf et se vun Dänemark bis eriwwer an England, haut kann ee se just nach an der Belsch gesinn.
Fir Touristen ass et e beléifte Spektakel, de Päerd an de Fëscher bei hirer Aarbecht op der Plage zu Oostduinkerke nozekucken. Bis zur Broscht ginn d’Schaffpäerd an dat kaalt Waasser an zéien déi schwéier Netzer. Wann déi gefëllt sinn, komme se op de Strand fir Kriibsen, Krevetten an anert Gedéiesch a Kierf ze tässelen. Ma ewell sinn d'Netzer ëmmer manner gefëllt. Net nëmmen d’Krevettefëscher hunn déi Changementer wouer geholl, och d’Chercheuren. Op der Universitéit zu Gent fuerscht ee schonn dodrun, wéi eng Auswierkungen et huet, datt d'Nordsee ëmmer méi waarm gëtt. Munch Aarten fënnt een elo effektiv méi dacks z.B Calamaren, anerer wéi de Cabillaud maache sech rar.
"Fir mech ass et en Alarmzeechen, zemol an dem Tempo, wou verschidde Spezies ofwanderen, respektiv ganz verschwannen. Dat ka grouss Konsequenzen op de ganze Kreeslaf hunn. Net just fir eis, well verschidde Fëschzorten net méi gefaange géifen a giess kéinte ginn, ma och am Ekosystem géifen déi Déiere feelen, z.B fir d'Sauerstoffproduktioun vun de Mikroalgen. Et kéint dann eng Ënnerwaasser-Wüüst entstoen, wou näischt méi dra lieft", sou den Ilias Semmouri, Chercheur an der Mieresekologie op der Uni Gent.
Déi eenzegaarteg Krevettefëscher vun Oostduinkerke schaffen allzäit méi nohalteg wéi déi am grousse Styl gefaange Krevette vu Schëffer. Dës ginn nämlech haaptsächlech a Mabreb-Länner verschéckt, do geschielt a kommen dann nees zréck an eis Regioun. D'Krevette vun de Fëscher mat hire Päerd ginn direkt verkaf a giess. Si hoffen, datt se hir Traditioun nach laang bäibehale kënnen, well et geet och méi wéi just ëm Profit. "Et geet eis em dat eenzegaarteg Gefill, wann's de mat dengem Päerd am Mier bass, dat ass eis Passioun an ëmmer nees eng immens Experienz", sou d'Fëscherin Nele Bekaert.