Net schlecht gestaunt hate Polizisten an der Gemeng Greuda an Thüringen, wéi en Automobilist hinne sot, hie wier um Wee bei eng Kou, déi schwamme géif.

Ma wéi d'Beamten de Mann begleet hunn, huet dëse si tatsächlech bei eng Kou bruecht, déi an enger Schwämm am Gaart vun engem Haus stoung. D'Déier war vu senger Häerd fortgelaf a wärend senger Flucht duerch d'Styroporsplacke gebrach, mat deenen d'Schwämm zougedeckt war. Well d'Déier awer net a Panik gerode war, mä gemittlech am Pool gewaart huet, hätt een de Polizisten no menge kéinten, dass d'Kou amgaange wier, am Waasser ze bueden.

D'Kou gouf schliisslech mat Seeler aus der Schwämm erausgezunn. Dobäi gouf de Pool beschiedegt. D'Bewunner vum Haus sollen déi ganz Affär awer mat Humor geholl hunn.