Bei de Flossséischmuewelen zu Lëtzebuerg, déi 2024 vun Natur&Ëmwelt zum Vull vum Joer ernannt gi waren, gouf et Nowuess. Direkt 6 Koppelen hunn déi speziell Floosser am Naturzentrum Biodiversum zu Rëmerschen ugeholl an hei gebréit. Wéi Natur&Ëmwelt e Méindeg matdeelt, kruten déi 11 kleng Schmuewelen elo am Kader vum Lux-Saar Berénungsprogramm hir Faarfréng, fir se kënnen individuell z’ënnerscheeden.
D’Vullen, déi Ufank Abrëll - dëst Joer ware se e bësse méi spéit drun - aus hirem Wanterquartéier un der afrikanescher Küst zréck a Mëtteleuropa kommen, wäerte wuel nach e puer Wochen am Haff Réimech bleiwen. Hei trainéiere si hir Fluchmuskulatur an Ausdauer, fir sech op hir wäit Rees ze preparéieren, op där si och schonn eegestänneg joe wäerten.
Bei der Sich no Fudder kucke sech d’Flossséischmuewelen d’Waasseruewerfläch genau un, éier si kappiwwer an d’Waasser andauche fir ze fëschen. Nieft Fësch stinn och Insektelarven a kleng Crustacéen um Menü.
Och d’Flossséischmuewele si wéi vill aner Déiere mëttlerweil op d’Hëllef vum Mënsch ugewisen, well hiren natierleche Liewensraum ëmmer méi verschwënnt. Esou goufen um Haff Réimech zu Rëmerschen speziell “Naschtfloosser” installéiert, déi wéi ee gesäit, hir Friichten droen.

RTL-News: “Elegante Weltebummler” D’Flossséischmuewel ass de Vull vum Joer 2024