Et ass en Ubléck, deen een net dacks kritt. E rare Gaascht huet op sengem Tour op der Insel Usedom fir Opreegung gesuergt an e Groussasaz ausgeléist.

En Dënschdeg am fréie Mëtteg wier der Police vun Anklam en Elch gemellt ginn, deen an der Géigend vun der "Seebrücke Ahlbeck" géing bueden an an enger Noutlag wier. Doropshin hu sech zwou Police-Patrullen, Beamte vun der Gemeng, d'Garde côtes an d'Déiererettung Vorpommern-Greifswald op de Wee dohi gemaach.

Dräi an eng hallef Stonn konnten d'Rettungsekippen a sëllege Spectateuren nokucken, wéi den Elch duerch d'Waasser a Richtung polnesch Grenz getrëppelt ass - dat allerdéngs ouni Noutlag. Fir de Schutz vum Déier gouf d'Plage op enger Streck vu ronn 600 Meter deels ofgespaart.

D'Secouristen hunn den Elch op sengem Wee a Polen begleet, fir sécher ze goen, datt hie sech un d'Ufer beweege konnt. Den Asaz wier eriwwer, wéi d'Déier iwwer d'polnesch Grenz gaangen ass. Och do wier hien am flaache Waasser weider gaangen, heescht et am Policerapport.