Et gëllt als Touristenattraktioun an Thailand, mat Elefanten an engem Floss ze schwammen oder si ze wäschen.

Fir eng jonk Studentin aus Spuenien hat dat tragesch Suitten. Virun den Ae vun hirem Partner ass déi 23 Joer jonk Fra vun engem vun den Elefanten ugegraff an déidlech blesséiert ginn. Si wier wuel vum Rüssel getraff ginn. Thailännesch Quellen haten am Ufank gemellt, d'Fra wier vun engem Stousszant duerchbuert ginn.

D'Déier wier wuel ënner Stress oder a Panik geroden. Vun den Organisateure vum Reservat gouf et kee Statement. D'Websäit souwéi de Betrib goufen temporär zougemaach.

D'Ongléck ass an engem Elefante-Reservat op der Insel Koh Yao Yai am Süde vun Thailand geschitt, deen extra fir touristesch Zwecker amenagéiert gouf. Do kënnen Touristen mat Elefante schwamme goen an Zäit am Waasser mat hinne verbréngen, respektiv si wäschen a schruppen. Dat gehéiert dann och zu den Haaptattraktiounen a munche Reservater. Landeswäit gi World Animal Protection no ronn 2.800 Elefanten fir touristesch Zwecker gehalen. Vill Déiereschutzgruppe verwisen drop, dass dës Attraktioun bei den Elefanten immense Stress ausléise kann. E puer Reservater erlaben et och dowéinst guer net.

Wéi den zoustännege Ministère fir de Schutz vun Nationalparken, Déieren a Planze matgedeelt huet, sinn duerch wëll Elefanten an de leschten 12 Joer 227 Persounen ëmkomm, dorënner och Touristen. Déidlech Virfäll an esou Reservater sinn awer méi seelen.