D'Déiere sinn déi besser Kanner. Op d'mannst ass dat mol e Running Gag ënnert jonke Leit, déi léiwer e Mupp oder eng Kaz hu wéi e Kand.

An deen Trend wier ëmmer méi markant. Virun allem an Amerika géing déi Tendenz bei der jonker Generatioun lues a lues ëmmer méi an d‘Luucht goen. An déi Wielerschaft wëll elo ee Member vum Staatsrot zu New York op seng Säit zéien. Hien huet nämlech e besonneschen Gesetzesentworf eragereecht. Bezuelte Congé fir sech ëm säin Hausdéier ze këmmeren. Dat ass d‘Initiativ vum Shaun Abreu.
 
Effektiv hätte Wëssenschaftler erausfonnt, dass een duerch d‘Hale vun engem Hausdéier sech manner eleng fillt, besser gelaunt ass an ee méi sozial gëtt. Mat deem Gesetzesentworf soll een elo stonneweis fräi kréien, fir sech ëm säin Déier ze këmmeren, egal ob et krank ass oder fir sech méi intensiv kënne mat ëm ofzeginn. An Amerika gëtt et ganz dacks Diskussiounen ëm de bezuelte Congé. Am Duerchschnëtt huet en Employé an den USA 10 bis 14 Deeg pro Joer ze gutt an do falen dacks och Deeg dran, wann ee krank ass. Zu New York huet ee jee no Patron tëscht 40 an 56 Stonnen am Joer, déi ee kann huelen, wann ee krank ass. An déi nei Stonne fir d‘Déieren, sollen an déi mat erafalen. Eng Initiative, déi virun allem Besëtzer vun Hausdéiere freeë géing.
 
Eng kierzlech Etude an den USA huet erausfonnt, dass virun allem Millenials, also d‘Generatioun, déi tëscht Ufank den 80er Jore bis Schluss vun den 90er Jore gebuer ass, léiwer en Hond hunn, wéi e Kand. An och d‘Déierenasyler géif dëse Gesetzesentworf freeën.
 
Ob dat awer elo déi initial Léisung ass, fir Leit mat mentale Problemer ze hëllefen, dat ass eng aner Diskussioun. Ma eppes konnt een och hei am Land feststellen. Et gëtt en Trend no uewen. Ëmmer méi Leit hu sech en Hond an de leschte Joren ugeschaaft. Dat hätt virun allem och un der Pandemie geleeën. Am Verglach ass d‘Zuel vun den Hënn tëscht 2021 an 2022 ëm 4 Prozent eropgaangen, eis Populatioun ass am selwechten Zäitraum awer nëmmen ëm 1,69 Prozent gewuess. 2023 wier d‘Zuel vun de Leit, déi sech en Mupp ugeschaaft hunn, awer nees liicht erofgaangen. Et schätzt een, dass iwwer 46.000 Muppen zu Lëtzebuerg liewen.