"Den Asyl ass dat ganzt Joer iwwer voll"
Mir waren eis op Diddeleng ukucken, wéi d'Aarbecht en engem Déierenasyl am Alldag ausgesäit.
D’Aarbecht an engem Déierenasyl ass immens villfälteg. D'Déiere musse gewäsch a gefiddert ginn a si musse Medikamenter kréien. Ausserdeem musse se desensibiliséiert ginn, fir eng Adoptioun ze vereinfachen, déi dann natierlech och muss duerchgefouert ginn.
D’Desensibiliséierung vun den Déiere gëtt op verschidde Manéiere gemaach: spillen, spadséieren, heemelen. Och ginn d’Leit mat de Muppe spadséieren, fir se op d’Liewen an enger Famill virzebereeden.
Grad no de Feierdeeg an no de Vakanzen héiert een ëmmer erëm, dass d’Déierenasyler iwwerfëllt sinn. “No de Vakanzen ass virun de Vakanzen”, esou de Raph Erpelding, Chef d’Équipe am Déierenasyl zu Diddeleng. Den Asyl wier dat ganzt Joer iwwer voll.
Wann en Hond adoptéiert gëtt, gëtt direkt en neien Hond vun der Waardelëscht am Asyl opgeholl. Bei all Hond gëtt och gekuckt, dass en an déi richteg an ideal Famill kënnt. Et wéilt een net, dass d’Déier erëm zréck an den Asyl kënnt, an dowéinst ginn et Krittären, déi musse respektéiert ginn, respektiv Konditiounen, déi mussen agehale ginn. Do ginn et esou munch Kriticken: ënnert anerem, dass een en Hond gewollt hätt, mee den Asyl kee ginn hätt. “Wann een en Hond bei eis wollt a kee kritt huet, da gouf et e Grond,” seet d’Nicky Colling, Responsabel vum Benevolat bei den Hënn.
Och d’Erzéiung gehéiert am Asyl dozou. Do gëtt och mat den Hënn geüübt, fir hire Besoine gerecht ze ginn, soudass se beschäftegt sinn.
Zu Diddeleng gëtt den Ament och en neit Gebai gebaut. Dat aktuellt ass ze al. Am neie Gebai wäert ënnert anerem méi Plaz sinn, ewéi och en extra Raum fir de Veterinär. Aktuell mussen d’Déieren nämlech ëmmer bei den Déierendokter gefouert ginn, a kënnen net sur place behandelt ginn.
Virun allem de Veterinär bréngt héisch Käschte mat sech. Dofir ass den Asyl op Spenden ugewisen – esouwuel materiell, ewéi och finanziell. Dofir bidde si eng Patenschaft vun den Déieren un, déi am Asyl sinn, ewéi och e Second-Hand Shop.
Den Asyl gëtt et zanter 1981. Am Asyl si sechs Leit fest agestallt, an et gëtt iwwert 30 Benevollen.