Fir de 24 Joer ale Kajakfuerer muss dat eng surreal Erfarung gewiescht sinn, déi en esou séier wuel net méi vergiesse wäert.

Virun der südlecher chileenescher Küst, net wäit vun der Magellanstrooss, gouf de jonke Mann vun engem Wal mat sengem Boot verschléckt an nëmmen e puer Sekonne méi spéit nees erausgespaut. Op engem Video, deen dem Mann säi Papp gefilmt huet, ass ze héieren, wéi hie kuerz nodeems e vum Déier erausgespaut gëtt a sech bei säi Papp rett, seet: "Ech duecht en hätt mech verschléckt". Medie géigeniwwer sot de jonke Mann, hien hätt net realiséiert, wat passéiert wier.