Wéi all Joer hat Natur&Ëmwelt och dëse Januar d'Lëtzebuerger Residenten opgeruff, an hire Gäert oder op Plazen dobaussen d'Vullen ze zielen.

Iwwer 300 Leit hunn Natur&Ëmwelt no vum 24. bis de 26. Januar gehollef, d'Vullenaarten an d'Unzuel u Vullen ze zielen. Deemno goufe ganzer 10.091 Vulle gezielt, wat engem Duerchschnëtt vu ronn 31 Villercher pro Plaz entsprécht.

Déi heefegst Aart, déi a 85 Prozent vun de Lëtzebuerger Gäert gesi gouf, ass wéi och d'lescht Joer schonn d'Schielmees. Mat 81,2 Prozent kënnt d'Blomees op déi zweet Plaz, knapp virun der Märel mat 80,9 Prozent. Op Plaz dräi a véier kommen d'Routbrëschtche mat 71 Prozent an den Hausspatz mat 68 Prozent.

Iwwerrascht huet dëst Joer d'Spréif, déi am heefegsten an den eenzele Gäert gezielt gouf an domat den Hausspatz vun der Plaz 1 ofgeléist huet.

RTL

D'Schielmees / © Natur&Ëmwelt