Eng Kaz erwaart ee sech op engem Garagendaach vun dräi Meter, mä en Hängebauchschwäin? Am thüringeschen Oldisleben ass dat e Samschdeg geschitt.

D'Fra huet sécher net schlecht gestaunt, wéi si d'Déier op dräi Meter Héicht entdeckt huet. Wéi d'Schwäin op den Daach vun der Garage geroden ass, konnt weder si  nach d'Police vun Nordhausen sech erklären.

Pompjeeën haten d'Déier vum Daach gerett, dat dono vun engem Veterinär ënnersicht an an een Déierenasyl koum.

D'Police vermutt, dass Onbekannter d'Hängebauchschwäin op d'Grondstéck vun der Fra bruecht an do zeréckgelooss hunn. Et gouf eng Plainte wéinst engem Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz an Hausfriddensbroch gemaach.