Déiergestëtzten Therapie ka Jonker mat emotionalen oder soziale Schwieregkeeten hëllefen.

Beim Projet "Op de Patten" zu Lëntgen schaffen Educateuren a Psychotherapeute mat Déieren, fir d’Kanner an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen.
 
Kann e Päerd engem Kand hëllefen, seng Emotiounen ze verstoen? Kann en Iesel dozou bäidroen, méi Gedold an Disziplin ze entwéckelen? Beim Projet „Op de Patten“ ass genee dat d‘Zil. Hei, um Bauerenhaff zu Lëntgen, ginn Déieren net just gefiddert a geheemelt, mee si spillen eng Schlësselroll an der Entwécklung vu Jonken, déi mat emotionale Schwieregkeeten ze kämpfen hunn.
 
„Op de Patten“ ass e Projet vun der Solidarité Jeunes ASBL an adresséiert sech u Kanner a Jugendlecher mat Problemer wéi Depressiounen, Aggressivitéit oder Konzentratiounsschwieregkeeten. Hei léiere si duerch den Ëmgang mat Déieren, sech selwer besser ze verstoen a mat hire Gefiller ëmzegoen. D’Päerd, Ieselen, Schof a Kanéngercher si souzesoen hir Therapeuten, ouni Wierder, mee mat vill Gedold a Sensibilitéit.

Eent vun de Kanner, dat vun dësem Konzept profitéiert, ass den 8 Joer alen Dwayne. Hien hat ufanks grouss Schwieregkeeten, sech ze konzentréieren, mee duerch seng Aarbecht mam Educateur Tanguy Maziers an den Déieren huet hie grouss Fortschrëtter gemaach. Och de 10 Joer alen Dean ass esou e Beispill. Hie léiert mat Hëllef vum Päerd Choco, seng Impulser ze kontrolléieren an d’Responsabilitéit fir seng Entscheedungen ze iwwerhuelen.
 
Dës Therapieform ass anescht wéi déi traditionell Methoden: Si funktionéiert duerch Erfarung, duerch direkt Interaktioun mat engem Déier, dat net jugéiert, mee just reflektéiert, wat et gesäit. Dat mécht d’Déieren zu éierleche Spigele vun der mënschlecher Emotiounswelt.