Famill wënscht sech, datt hiert Schwäin als Hausdéier unerkannt gëtt
Fir d’Famill Pellé gehéiert dat klengt Mini-Schwäin Babe fest zur Famill. Zanter engem Joer lieft et bei hinnen, zesumme mat hire Kanner an hirem Hond.
Mä rechtlech gesinn, ass d'Babe keen Hausdéier, mee en Notzdéier. Zu Lëtzebuerg ginn all d'Schwäin, déi net als Wëllschwäi gëllen, als Notzdéier klasséiert, egal ob se am Haus oder am Stall liewen.
Dës rechtlech Klassifikatioun bréngt Problemer mat sech. Sou däerfe Mini-Schwäin hei am Land zum Beispill net offiziell als Hausdéiere registréiert ginn, wat d’Haltung méi komplizéiert mécht. Fir dat z’änneren, hat d’Famill Pellé am Oktober eng Petitioun gestart, mam Zil, Mini-Schwäin als Hausdéieren unzëerkennen. Mä d’Petitioun ass gescheitert – eng Gesetzesännerung ass virleefeg net geplangt.






D’Déiereschützerin Adela Fuentes Lakowska vun der Organisatioun FRIDA kennt d’Problematik. An engem Bongert zu Réimech këmmert si sech ëm verschidden Déieren, dorënner och Schwäin. Si ënnerstëtzt d’Initiativ vun der Famill Pellé, warnt awer gläichzäiteg virun de Schwieregkeeten, déi d’Haltung vun engem Schwäi mat sech bréngt. Schwäi brauche vill Plaz, Beschäftegung a Sozialkontakt. Ausserdeem kann hiert Verhale sech mat der Zäit staark veränneren – wat als Fierkel nach léif ausgesäit, ka spéider problematesch ginn.
Fir d’Famill Pellé gehéiert d'Babe zum Alldag dozou. Si probéieren, et esou vill wéi méiglech ze beschäftegen a bedreiwen esouguer en Instagram-Kanal, fir d’Leit iwwer d’Haltung vu Mini-Schwäin z’informéieren. Mä trotz all hiren Efforte bleift d’gesetzlech Situatioun onverännert: E Mini-Schwäin wéi d'Babe gëtt weiderhin als Notzdéier ugesinn an net als Hausdéier.