Se sinn zimmlech gescheit, trieden a Gruppen op, maache Kaméidi a Knascht.

D'Hierschtkuebe sinn net jidderengem seng Kolleegen, mee well se geschützt sinn, gëtt ee se och net einfach esou lass. An der Stad huet ee sech den Ëmgang mat de schwaarze Gesellen eppes kaschte gelooss an eng Analys an Optrag ginn. Eraus koum e Gestiounsplang vun 150 Säiten, mat der geneeër Beschreiwung, wou d’Kueben toleréiert sinn a wou net.

"Managementkonzept Saatkrähe"

Fir si brauche mer ewell e "Managementkonzept" an dat, wat op deenen 150 Säiten alles steet, kéint eng Observatioun vum SREL sinn: wéi vill Näschter mat wéi vill Bewunner, d’Eeër matgezielt, fënnt een a wéi enger Zort Bam, op wat fir enger Kräizung.

2024 louche se op der Lauer, mam Resultat, dass déi Plazen, déi als Hierschtkuebe-Krisegebidder markéiert goufen, haut eidel sinn. Dat versteet een, wann eng Spillplaz als Quartéier erausgesicht gouf. Een hongeregt Nascht op der Schéiwiss um Belair gouf net erofgeholl, do koume se net drun.

De Roby Biwer, President vun Natur an Ëmwelt, vermësst eng gewësse Kreativitéit bei verschiddene Gemengen, well et géif och aner Optioune wéi just Näschter erofhuelen. Et géife Gemengen, déi reegelméisseg ënnendrënner botzen, anerer géinge Filete spanen.

Nieft der Schéiwiss sinn d'Verdi Strooss, de BD Marcel Cahen, beim Foyer Roberti, d’Primaireschoul zu Merel an d’Gellé-Strooss Kuebe-fräi an dofir suergt d'Ekipp vum Stater Délégué à l’Environnement; bis Enn Mäerz dierfe si un d'Nascht – an de sechs Aktut-Zone ginn et reegelméisseg Kontrollen an Interventiounen.

Sich no harmoneschem Zesummeliewen

Ganz géif ee si net meeschter, erkläert d’Manon Bosch, déi sech am Ëmweltservice vun der Stad ëm d'Kuebe këmmert, an der Stad géinge se sech och wéinst de méi héijen Temperaturen zimmlech wuel fillen. Op 33 Sitte géife se bréien, dat vu Februar bis Juni, a gemengerhand géife se toleréiert. Intervenéiere géif d'Gemeng just nëmmen, wann et e Problem mat der Santé Publique géif.

Fir de Wanderfallek hätte si um Kierchbierger Waassertuerm zum Beispill Nichoiren installéiert. Ob se genotzt ginn, kéint een nach net soen.
De Maurice Bauer, Stater Ëmweltschäffe seet, et wier een u sech frou, dass een nach Kueben an der Stad hätt, mee an deenen Deeler vun der Stad, wou Nuisance sinn, géif ee se mat Hëllef vun dësem Managementplang eraushuelen. Schoulen a Spillplaze sinn tabu.

Hëllef vum Kueb sengen natierleche Feinden
 
Vun der Gewan, wou mer och un d'Beem goungen, koum de geschützten an nëtzlechen Aasfriesser an d'Stied. Ma seng natierlech Feinde ginn och ëmmer manner an de Stied, warnt Natur an Ëmwelt. Hëllef kréiche mer och vum Hierschtkueb sengen natierleche Predateuren, wéi dem Uhu oder dem Spuervull, och no deene misste mer kucken, heescht et wieder. Allgemeng soll ee versichen, mat de Vullen zesummen ze liewen.

Den Gestiounsplang geet bis elo an d'Fréijoer, vun engem Neie weess Natur an Ëmwelt nach näischt, mir och net.

Iwwregens: richteg Kueben (Corvus Corax) fënnt een nach an England, weess de Roby Biwer, awer net méi bei eis. Hei géif et, nieft den Hierschtkueben, nach d'Raben oder d'Nebelkrähen an d'Dohle ginn. Déi ginn hei am Land als Kueb, Groe Kueb a Steekueb bezeechent*.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hat mir stoen, datt et kee Lëtzebuerger Wuert fir déi dräi géing ginn.