Mupp soll Taxe fir ëffentlech-rechtlech Tëlee a Radio bezuelen

© DPA via AFP
Do ass de Service fir déi sougenannt Rundfunktaxen wuel op den Hond komm: De Juegdhond Urax soll Taxe fir déi ëffentlech-rechtlech Tëlee a Radio bezuelen.
Vill Muppe kucke gäre Filmer - dat beweise sëllege Videoen an de soziale Medien. Awer net den Urax - oder vläicht dach? Op alle Fall krut de Juegdhond elo Post wéinst Rundfunktaxen, déi nach net bezuelt gi wieren, wéi seng Meeschtesch Jutta Zedelmaier erkläert.
Op d'Spuer vum Hond Urax koum de Bäitragsservice vum ARD, ZDF an Deutschlandradio wuel iwwer eng Internetsäit, op där de Mupp ze gesinn ass. Mat der Opfuerderung, fir d'Taxen ze bezuelen, ass och e Froebou mat an de Kierfche geflattert. Hei sollt den Urax uginn, ob a sengem Betrib Rundfunkapparater an Autosradioe stinn.
Doropshin äntwert seng Meeschtesch: "Mäin Hond Urax vum Paradies huet mir verséchert, keng Firma an/oder Betrib ze bedreiwen a refuséiert dowéinst och, Rundfunktaxen ze bezuelen." Seng "eenzeg Aarbechtsplaz" wier "säi Juegdrevéier an dësen ass ganz ouni Ubannung u Rundfunk an Internet".
De Service fir d'Taxen huet mat Humor reagéiert: "Rundfunktaxe muss de Véierbeener selbstverständlech net bezuelen." D'Adress wier antëscht gespaart. "Den Hond vun der Madamm Zedelmaier sollt domat net méi vun eis ugeschriwwe ginn."