Wäschbiere breede sech ëmmer méi aus an Däitschland

© Image Envato Symbolbild / harrycollinsphotography
Wéi den däitsche Juegdverband mellt, zielt een an Däitschland ëmmer méi Wäschbieren.
2023 hunn 69 Prozent vun de Juegdrevéieren e Wäschbier-Virkomme gemellt an dat méi wéi soss. Am Verglach zu 2011 sinn et bal Dräivéierel méi. Fir dëst kënnen auszewäerten, goufen d'Donnéeën aus ronn 24.000 Revéieren zur Verfügung gestallt. Dat entsprécht ronn 38 Prozent vun der Fläch an der Landwirtschaft a vun de Bëscher a ganz Däitschland.
Vill verbreet ass de Wäschbier virun allem am Nordosten an an der Mëtt vum Land. Brandenburg, Hessen, Mecklenburg-Vorpommern a Sachsen-Anhalt hunn zum Beispill iwwer 90 Prozent vun de Juegdrevéieren eng Presenz gemellt. Aus der Auswäertung geet och ervir, dass d'Déier sech weider a Richtung Südwesten ausbreet. An e puer Bundeslänner huet de Wäschbier souguer den heemesche Routfuuss iwwerholl an de Juegdstatistiken. Tëscht 2011 an 2023 ass d'Zuel vun de gejote Wäschbieren ëm dat Dräifacht op 203.306 geklommen.
De Wäschbier gëllt als invasiv Déierenaart. Si sinn eng Gefor fir déi biologesch Villfalt.