Spéitstens zanter dem leschte Weekend ass och zu Lëtzebuerg d’Huesepescht Thema. Och d’Kanéngerchersziichter sinn duerch d’Meldung hellhéireg ginn.

Ee vun hinnen ass de Pierre Modert vum Cercle Avicole Schuttrange, dee seng Déieren an der Klengdéierenzuuchtanlag zu Iwwersiren huet.
 
Zanter iwwer 40 Joer ziicht hie scho Kanéngercher. D’Meldung vun der Huesepescht, déi de Weekend komm ass, huet hie beonrouegt. “Dass mer lo den éischte Fall zu Lëtzebuerg hunn, ass net fir Panik ze maachen. Mee et soll ee virsiichteg sinn, well et keen Impfstoff gëtt fir virzebeugen”, betount den Ziichter. Hie wier kee Spezialist, seet de Mann, mee et wier aus senger Siicht eng Katastroph, wann e Fall a senger Zuucht wier, an hien dës misst "keulen".

Den Ziichter besëtzt 40 Weiss-Rex Blauauge-Kanéngercher. 30 dovunner si just e puer Méint al. Vun der Huesepescht huet de 70 Joer ale Mann nach ni héiere gehat. D’Gefor fir seng Déiere schätzt hien, bis elo, awer als "net dramatesch" an. "Et hofft een ëmmer, dass een d’Déier gesond hält, mee et kann een och net panikéieren. Ech hoffen, dass alles gutt iwwert d’Bün geet", seet de Pierre Modert.
 
D’Iwwerdroung duerch Mécken a Moustiquen ass déi eenzeg Infektiounsquell, déi de fréiere Präisriichter fir seng Déiere gesäit. Och wann de Risk hei kleng bleift, géing hien d’Aen ophalen. Ma hie géing direkt mierken, wann et enger vu senge Kanéngercher net géing gutt goen. An de leschten 10 Joer wier him just eng Kanéngche wéinst Krankheet gestuerwen, seet hie houfereg.
 
Ob d’Klengdéierenziichter bei hirer Zuucht elo op eppes besonnesch missten oppassen, wéisst hien net. Eng ëffentlech Kommunikatioun wier hei nach net komm. Allgemeng gëllt awer: D’Gefor vun enger Erkrankung ass fir de Mënsch extrem niddreg: Eng Behandlung mat Antibioticke bleift en effikasse Moyen.