Eng amerikanesch Firma fir Gentechnik huet eng ausgestuerwen Aart Wollef erëm zum Liewen erwächt.

De Wëssenschaftler vu Colossal Biosciences ass et gelongen, genuch DNA aus de Fossille vum sougenannte "Schattenwolf" (Aenocyon dirus) ze gewannen. Doropshin hu se 20 Genen am Genom vu liewege Growëllef modifizéiert an un d'Mierkmoler vum ausgestuerwenen Déier ugepasst. Dono goufen aus dëse genetesch verännerten Zellen Embryoe gemaach, déi vu "Leihmütter" ausgedroe goufen.

Tëscht Oktober 2024 a Januar 2025 sollen 3 Déieren op d'Welt komm sinn an zanterhier op enger geheimer Anlag an den USA liewen. De "Schattenwolf" (op englesch dire wolf) huet viru ronn 13.000 Joer a Nord- an a Südamerika gelieft, en ass ausgewuess ronn 1,50 Meter laang a weit bis zu 70 Kilo. Domat ass e méi grouss a méi schwéier wéi den haitege Growollef. Déi 2 sinn awer net direkt Famill mateneen.

Colossal Biosciences sinn der Meenung, dass d'Gebuerte vun dësen 3 Déieren déi éischt erfollegräich Rettung vun enger ausgestuerwener Aart wieren. D'Fuerscher hoffen elo, mat där selwechter Method nach aner ausgestuerwen Déieren zréckzebréngen, respektiv bedreete Rassen z'erhalen. Am Mäerz ware Colossal Biosciences an d'Schlagzeile geroden, nodeems et hinne gelonge war, Mais mat engem Mammut-änleche Pelz ze ziichten. Dës sollen een éischte Schratt duerstellen an der Kreatioun vun engem Elefant, deen engem Mammut gläicht.