E Méindeg den Owend koum et am däitsche Ratingen zu enger opwenneger Rettungsaktioun. De Klassiker: eng Kaz souz um Daach vun engem Haus fest.

D'Pompjeeë goufe geruff, fir d'Kaz Misha do nees erof ze kréien. Déi waren dem Déier awer net sou ganz geheier an d'Kaz ass fir d'éischt emol ënner d'Ofdeckung vum Kamäin do um Daach geflücht. Vun do aus ass d'Misha dunn och nach an d'Rouer erageroden.

Schwéier Apparater hunn dono missen an den Asaz, fir d'Kaz aus dem Rouer ze befreien. Eng Endoskopkamera gouf dobäi benotzt, fir sécher ze goen, dass dem ängschtlechen Déier näischt geschitt.

No dräi an enger hallwer Stonn eréischt konnt een d'Misha aus dem Kamäin-Rouer nees eraushuelen. Op alle Fall huet ee vun de Pompjeeën dat versicht. Hie gouf nämlech als Merci an d'Hand gebass, duerch d'Händschen an dat och därmoossen hefteg, dass de Mann dono stationär huet missen am Spidol opgeholl ginn.