An Australien goufe 700 Koalaen erschoss. Déiereschützer weise sech entsat, déi Responsabel schwätzen iwwerdeems vun engem Akt vun der Baarmhäerzegkeet.

An Australien si grouss Deeler vum Budj-Bim-Nationalpark am Bundesstaat Victoria eng 270 Kilometer westlech vu Melbourne engem Feier zum Affer gefall. Offizielle Rapporten no wieren 2.200 Hektar vun deem ronn 5.400 Hektar grousse Park vun de Flamen zerstéiert ginn. Dobäi wieren och vill Eukalyptusbeem, déi eng wichteg Narungsquell fir Koalae sinn, zerstéiert ginn a vill Koalaen hätte Verbrennungen oder schwéier Verletzungen dovugedroen.

Doropshin haten déi zoustänneg Autoritéite vum Park d'Decisioun geholl, eng 700 Déieren ze erschéissen. Wéi de Beoptraagte fir d'Biodiversitéit James Todd géigeniwwer der australescher Editioun vum "Guardian" erkläert huet, wier dës Decisioun geholl ginn, fir den Déieren onnéidegt Leed ze erspueren. Hir Iwwerliewenschance wiere wéinst hire Blessuren an dem Narungsmangel, zu deem et nom Feier an enger laanger Dréchent komm ass, ganz kleng gewiescht.

D'Virgoe vun den Autoritéite suergt allerdéngs fir hefteg Diskussiounen. Wärend d'Regierung vum Bundesstaat vun engem Akt vun der Baarmhäerzegkeet schwätzt, weisen Déiereschützer sech entsat. D'Déiereschutzpartei "Animal Justice Party" schwätzt vun enger nationaler Schan.